Kinnek (Schach)
| Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Schachfiguren | |
|---|---|
| Kinnek | |
| Damm | |
| Tuerm | |
| Leefer | |
| Sprénger | |
| Bauer | |
De Kinnek, Unicode: ♔ ♚, ass déi wichtegst Figur beim Schachspill, well et d'Zil vum Spill ass, de géigneresche Kinnek matt ze setzen - woumat d'Partie direkt ophält. Matt setzen heescht, de géigneresche Kinnek mat enger (oder méi) Figur(en) ze bedreeën, ouni datt d'Bedrohung ofgewiert ka ginn duerch Wegzéie vum Kinnek op en onbedrohtent Feld, duerch d'Schloe vun der ugräifender Figur oder duerch d'Dotëschentzéie vun enger Figur. Als besonneschen, allerdéngs net ganz verbreete Geste, datt e verluer huet oder opgëtt, kann een deen eegene Kinnek op dem Schachbriet ëmgeheie bzw. ëmleeën.
Jiddwer Partei huet ee Kinnek. An der Grondstellung steet de wäisse Kinnek op dem Feld e1 an de schwaarzen op e8.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] De Kinnek an deenen dräi Spillphasen
[änneren] An der Erëffnung
An der Erëffnung kënnt et an der Regel drop un, de Kinnek sou séier wéi méiglech duerch d'Rochade a Sécherheet ze bréngen.
[änneren] Am Mëttelspill
Am Mëttelspill gehéiert d'Sécherung vum Kinnek viru géignereschen Ugrëffer zu de strategeschen Zieler.
[änneren] Am Endspill
Am Endspill spillt de Kinnek eng wesentlech Roll. Am Géigesaz zu deenen anere Spillphasen, wou d'Secherheet vum Kinnek prioritär ass, hëllt de Kinnek aktiv um Geschéien deel an ass besonnesch a Bauerenendspiller entscheedend. Dobäi kënnt et oft op d'Zentraliséierung an op d'Oppositioun vun de Kinneken un.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Kinnek – Biller, Videoen oder Audiodateien |