Kniddel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kniddele si Bullen aus Deeg, Fleesch oder Fësch, déi am kache Waasser pochéiert oder driwwer gedëmpt ginn, oder an der Friteuse gebak ginn.
Zervéiert gi se entweder als Bäiluecht, oder als eege Molzecht, an deem Fall dacks garnéiert.
Je nodeem wat derbäi ass, kënne se séiss oder salzeg sinn.
Esouwuel Form a Gréisst, wéi och hir Zesummesetzung (Weess- oder soss e Miel, Gromperen, Schmull, oder aalt Brout) kënnen no Regioun a Goût ganz ënnerschiddlech sinn.
Bekannt Zorte vu Kniddelen zu Lëtzebuerg sinn d'Stäerzelen an d'Liewerkniddelen. Aus der italienescher Kiche kenne mer d'Gnocchien, aus der portugisescher d'Bacalhaukniddelen.
Déi meescht Varietéiten (eng ronn 30) gëtt et an der däitscher an éisträichescher Kichen.