Konstantinos Mitsotakis

Vu Wikipedia
Konstantinos Mitsotakis
Gebuer 18. Oktober 1918
Chania
Gestuerwen 29. Mee 2017
Athen
Nationalitéit Griicheland
Educatioun Universitéit vun Athen
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot
Famill
Kanner Kyriakos Mitsotakis

De Konstantinos Mitsotakis (gr.: Κωνσταντίνος Μητσοτάκης, gebuer den 18. Oktober 1918 zu Chania, op Kreta, a gestuerwen den 29. Mee 2017 zu Athen, war e griichesche Politiker. Hie war vum Abrëll 1990 bis den Oktober 1993 griichesche Ministerpresident.

Virdru war hien zanter den 1950er Jore politesch aktiv a war ë. a. Wirtschafts-, Infrastruktur- an Ausseminister. Hie war den Neveu vum Eleftherios Venizelos a war bis an d'1960er Jore Member vum Georgios Papandreou senger Enosis Kendrou ("Zentrumsunion"). An den 1970er Jore gouf e Member vum Konstantinos Karamanlis senger Nea Dimokratia, vun där en 1984 President gouf.

2004 huet e sech aus der aktiver Politik zeréckgezunn.

Seng Duechter, d'Dora Bakogianni, war vun 2006 bis 2009 Ausseministesch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Constantine Mitsotakis – Biller, Videoen oder Audiodateien