Kreios

Vu Wikipedia

De Kreios och Krios (gr., Κριως) war ee vun den Titanen. Am Géigesaz zu 4 vu senge Bridder huet hien net eng vu sengen eegene Schwësteren zur Fra geholl (wéi och säi Brudder Iapetos), mä d'Eurybië, Meedche vun der Gaia a vum Pontos, mat där en d'Kanner Astraios, Pallas a Perses hat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer de Kreios ass net vill iwwerliwwert. Warscheinlech hat hien eng Plaz ënner de Stären als Konstellatioun Widder (gr. Krios). Dës Konstellatioun war déi éischt, déi, dem griichesche Kalenner no, am Ufank vum Joer um Himmel opgaangen ass. D'Griichen hunn dofir och gegleeft dat de Kreios fir d'Joreszyklen zoustänneg war, sou wéi säi Brudder Hyperion fir d'Mount- an Dageszyklen.

Nom Krich tëscht den Olympier an den Titanen (Titanomachie) ass de Kreios zesumme mat senge Bridder Koios, Hyperion, Iapetos a Kronos an den Tartaros verbannt ginn. Et kéint sinn dat de Kreios vum Zeus zu enger éiweger Aarbecht gezwonge ginn ass (sou wéi z. B. och den Atlas), nämlech d'Stäre-Konstellatiounen d'Joer duerch iwwer den Himmel ze féieren, respektiv duerch den Tartaros wa se hanner dem Horizont verschwannen.

Et gëtt ugeholl dat de Kreios a Widdergestalt duergestallt ginn ass, oder mat gedréinten Haren sou wéi z. B. de lybesche Gott Ammon.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.