L'essentiel Radio

Vu Wikipedia

L'essentiel Radio ass e lëtzebuergesche Radiosender a franséischer Sprooch dee vun der Gesellschaft RadioLux bedriwwe gëtt. E goung den 22. Februar 2016 op Sendung.[1]

Et ass ee vun de véier Senderen zu Lëtzebuerg mat enger nationaler Frequenz (107,7 MHz) an enger Sendestäerkt iwwer d'ganzt Land. D'Frequenz gouf bis Mäerz 2014, vum Radio DNR, deen dunn opgehalen huet, benotzt.

Fir déi fräi Frequenz hate véier Interessente kandidéiert an zwar: RadioLux vun Déifferdeng, Lor'FM vun Diddenuewen, d'Agence PLG vun der Wemperhaart zesumme mam Radio 7FM vu Gouvy an als véierten NRJ Luxembourg. Op Recommandatioun vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (Alia) huet de Lëtzebuerger Regierungsrot decidéiert, d'Frequenz der Gesellschaft RadioLux zouzespriechen.

L'essentiel Radio gëtt vun der Gesellschaft RadioLux bedriwwen, déi zu 40 % Edita gehéiert (déi hirersäits zu 50% Editpress an zu 50% d'Schwäizer Grupp Tamedia als Aktionären huet), zu 35 % dem Pol ëm de Vincent Bragard, Serge Leenman a Samuel Tabart, a 25 % huet d'CLT-UFA.[2]

Wéi de Projet am Mee 2015 virgestallt gouf, war d'Aktionariat zu jee 50 % tëscht Edita an den Aktionäre vu Must Fm opgedeelt.[3] Wéinst dësem Wiessel bei den Aktionären huet d'ALIA de 7. Januar 2016 een Zousazavis ausgeschafft, dee favorabel ass, mä virgesäit, datt L'Essentiel Radio editorial, finanziell an organisatoresch onofhängeg vun der CLT-Ufa bleiwe misst. Wann RTL "wéinst aussergewéinlechen Ëmstänn" seng Participatioun vu 25% héije wéilt, wier e weideren Avis vun der ALIA an en Accord vun der Regierung néideg. Ufank 2014 hat d'ALIA e gemeinsame Projet vun RTL an dem Groupe Saint-Paul fir e franséischsproochege Radio verworf.[4]

D'Studioe sinn zu Déifferdeng am Gebai vum Essentiel a vun do aus gëtt och gesent.[2]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 26.200 Leit iwwer 12 Joer L'essentiel Radio gelauschtert.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Luxembourg's new L'essentiel Radio launches." wort.lu, 22 February, 2016 at 12:09.
  2. 2,0 2,1 "Mëtt Februar geet et op der Frequenz 107,7 lass." rtl.lu, 06.01.2016, 22:44:57.
  3. Thierry Raizer: "L'essentiel Radio décroche le 107,7 fm." paperjam.lu, 08.05.2015 14:59.
  4. "CLT-UFA ass neie Partner bei 'L'essentiel radio'." 100komma7.lu, 06. Jan 2016 - 20:56.
  5. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.