Lënsefërmeg Galaxis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Elliptesch Galaxis Messier 102
Eng Lënsefërmeg Galaxis ass een Tëschentyp vun enger Elliptescher Galaxis an enger Spiralgalaxis an der Galaxiëklassifikatioun.
Lënsefërmeg Galaxië sinn Scheiwegalaxië wéi d'Spiralgalaxien, déi de Groussdeel vun hirer interstellarer Matière verbraucht oder verluer hunn (wéi d'Elliptesch Galaxien). Wéinst hire verkierzten Äerm ass bei enger Dropsiicht eng Ënnerscheedung zu den Elliptesche Galaxië schwiereg.
D'Hubble-Klassifikatioun vu Lënsenfërmege Galaxien ass S0, SB0, E8. Dem de Vaucouleurs seng Klassifikatioun schreift SA0, SAB0 dobäi.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lënsefërmeg Galaxien – Biller, Videoen oder Audiodateien |