Lëtzebuerger Volleksdänz

Vu Wikipedia
Virféierung vun engem traditionelle Volleksdanz um "Dag vum immaterielle Kulturierwen 2023" an der Abtei Neimënster
Video vun enger Danzvirféierung vum „de Karschnatz“

Ënnert Lëtzebuerger Volleksdänz versteet ee Volleksdänz déi haaptsächlech vum spéide Mëttelalter bis un d'Enn vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend, am fréieren Herzogtum Lëtzebuerg, gedanzt gi sinn[1].

Am internationale Verglach zeechnen d'Lëtzebuerger Volleksdänz sech duerch eng relativ grouss Variatioun vum Grondschrëtt, de Figuren a Melodien an duerch en heefege Partnerwiessel aus. Déi Dänz déi hautdesdaags nach bei Manifestatioune gedanzt ginn, si mëndlech iwwerdroe ginn. Et waren Dänz, déi op de Bauerekiermesse gedanzt goufen, iwwerdeems anerer aus der Bourgeoisie koumen an um Haff gedanzt goufen. D'lëtzebuergesch Nomenclature schwätzt ë. a. vu Pik-Polka, Chiberli, Schottesch Näip, Karschnatz, Ronn Maklott an Uelegschléier[2]. Bei aneren Dänz erkennt een um Numm vu wou se hierkoumen, z. B. d'Maclotte d’Hâbièmont[3] oder d'Contredanse de Bastogne[1].

An den 1930er Joren si sech eng Rei Leit bewosst ginn, dat déi al traditionell Dänz a Lidder lues a lues géife verluer goen. Se hunn dunn dokumentaresch Recherchë gemaach an Zäitzeie gesicht, zu enger Zäit wéi et nach méiglech war, Mënschen ze fannen, déi déi Praktik an hirer Jugend nach erlieft haten. Nom Enn vum Zweete Weltkrich, si Folklorveräiner gegrënnt ginn, déi d'Wëssen iwwer d'Volleksdänz ëmgesat an erhalen hunn[2].

Hautdesdaags gëtt et zu Lëtzebuerg dräi Veräiner déi d'Traditioun vun de Lëtzebuerger Folklordänz oprecht erhalen. Bei hiren Optrëtter gi gemenkerhand Lëtzebuerger Vollekslidder live gespillt, woubäi d'Instrumenter déi gebraucht ginn ë. a. d'Fiddel, d'See, de Brëtellspiano, Blosinstrumenter, d'Gittar a Perkussiounsinstrumenter sinn. Bei den Dänz ginn och déi traditionell Truechten ugedoen, déi op Basis vu Recherchë vum Nationalmusée an de Staatsarchiven no der Moud aus dem spéiden 18. an dem fréien 19. Joerhonnert reproduzéiert goufen. Zu verschiddenen Dänz gehéieren och Accessoirë wéi e Bengel, eng Lanter oder a Kuerf[2].

Den 29. Oktober 2020 ass d'Traditioun vun de Lëtzebuerger Volleksdänz op d'national Lëscht vum immaterielle Kulturierwe gesat ginn[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Volleksdänz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Folklordanzveräiner[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Quell: mat Erlabnis vum Auteur (Mail vum 05.10.23) kopéiert vun Iwwert eis: Lëtzebuerger Folklor - Vallée des Sept Châteauxop www.folklor-mersch.lu
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Quell: Lëtzebuerger Volleksdänz op iki.lu, gekuckt den 2. Oktober 2023
  3. Habiémont ass eng Uertschaft an der Provënz Léck an an der Gemeng Stoumont