Le champion

Vu Wikipedia
Le champion
Informatiounen
Kënschtler Joseph Kutter
Joergang 1932
Artistesche Stil Expressionismus
Technik Ueleg
Längt 107 cm
Héicht 130 cm
Plaz Nationalmusée um Fëschmaart
Stad Stad Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg

Le champion ass en Tableau (Ueleg op Toile), deen de lëtzebuergesche Moler Joseph Kutter 1932 kreéiert huet.

Et weist de Vëlossportler Nicolas Frantz, deen 1927 an 1928 Gewënner vum Tour de France war, wéi deen am Cyclistëgezei, mat enger Medail op der Broscht an engem Putsch Blimmercher am Grapp, viru sengem Vëlo poséiert.

D'Bild gëllt als ee vun den éischten Tableaue vum Kutter, déi am expressionistesche Stil gemoolt sinn.[1]

No Aussoe vun der Famill vum Frantz huet him dëse Portrait net besonnesch gefall. D'Bild gouf zu Paräis ausgestallt an do verkaaft. Geschwënn dono koum et an d'Schwäiz. An den 1940er Jore koum et dunn an de Besëtz vun enger Lëtzebuerger Famill. Déi huet uganks der 1990er Joren d'Bild dem Nationalmusée um Fëschmaart geléint. Ma 2023, 10 Joer nom Doud vum Proprietär, hunn deem seng Ierwen decidéiert, d'Bild ze verkafen.[1]

Den Nationalmusée huet doropshin eng Crowdfundings-Campagne lancéiert, mam Zil, 100.000 Euro un Donen zesummenzekréien, fir kënnen den Tableau ze kafen a weiderhin auszestellen.[2] Dës Campagne hat Succès, 557 Spender hu bis Enn dës Joers 107.611,4o Euro gespent.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Fabienne Zwally: "Klammt mat an d'Course: Crowdfunding vum Nationalmusée." rtl.lu, 15.07.2023.
  2. eisechampion.lu
  3. « Le champion » de Joseph Kutter entre définitivement dans les collections nationales. Pressecommuniqué op nationalmusee.lu (nogekuckt: 2024-02-18).