Library Computer Access and Retrieval System
| Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Fernsehserie oder aus de Star Trek-Filmer. |
LCARS (eng.: Library Computer Access and Retrieval System, lëtz.: Bibliothéiscomputer Zougrëffs- an Offrosystem) ass d'Standart-Betriebssoftware op de Computeren (z. B.: Schëffscomputer, PADD) bannend der Vereenter Federatioun vun de Planéiten.
Form a Faarwen [änneren]
De Prinzip vum LCARS baséiert op Elementer, déi dacks an alle méigleche Konstellatiounen erëm komme kann. LCARS zeechent sech besonneg duerch seng grouss Flexibilitéit aus. Fir verschidden Duerstellunge ginn et verschidden Duerstellungsméiglechkeeten. Hei déi Duerstellungsméiglechkeeten, déi am heefegste virkommen:
- Balken-Terminal
- Eckbalken-Termin
D'Faarwe si streng genormt. Et kënnt och mol vir, datt bei engem Systemupdate, d'Faarfschema wiesselt. Hei ass also och eng kleng Evolutioun bei de Versiounen ze erkennen.
Während den LCARS uganks vun den 2460er Joren éischter an däischterrouden Téin gehalen ass, changéiert dat tëscht 2465 an 2475 méi zu Hellgiel an Hellblo an vun 2478 un ass den LCARS a gréisstendeels donkelbloen Téin ze gesinn.
Fonctionnement [änneren]
De Layout vun de Displaye baséiert wéi scho gesot um Prinzip vun der Gruppéierung vu verwandte Funktiounen. Sou zum Beispill huet all Konsol (op der Bréck) en Terminal, iwwer deen ee manuell Befehler kann aginn. Et ass och méiglech, déi iwwer Stëmm eranzeginn. De Benotzer huet d'Fräiheet, iwwert all beliebeg Konsol um Schëff, sämtlech Donnéeën ofzeruffen, op déi hien Zouganksrechter huet. Sou kënne beispillsweis op enger Wëssenschaftskonsol, d'Navigatiounskontrollen opgeruff ginn. Bei sou engem Virgang, passt sech d'graphesch Uewerfläch dem neie Programm un. An engem Sekonnenbrochdeel kann een erëm zu sengem urspréngleche Programm eriwwerswitchen.