Vereent Federatioun vun de Planéiten

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star-Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Televisiounsserie oder aus de Star-Trek-Filmer.
UFP
Den Emblem vun der Vereenter Federatioun vun de Planéiten
President:Jaresh Inyo (2372- zirka 2375)
Haaptstad:Äerd: De Büro vum Föderatiouns-
president ass zu Paräis,
Starfleet Command a San Francisco
Sprooch:Englesch, gemenkerhand gëtt awer den
Universal Translator benotzt
Grënnungsjoer:2161
Wärung:Credit
D'Grënnungszeremonie vun der Föderatioun
D'Grënnunsgzeremonie vun der Vereenter
Federatioun vun de Planéiten, 2161

Aféierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Federatioun vun de Planéiten (eng.: United Federation of Planets, de.: Vereinigte Föderation der Planeten), och kuerz Federatioun genannt, ass eng interstellar Allianz vu planetaresche Regierungen an Kolonieen, déi gréisstendeels am Alpha Quadrant ass.

Déi verschidde Memberen hu sech zu enger Federatioun zesummegeschloss, fir eng friddlech Koexistenz, gemeinsamen Handel, Wëssenschaft, Verdeedegung a virun allem Erkundung vun neie Welten z'organiséieren. Den Territoire vun der Federatioun ëmfaasst Dozende vu Secteuren am Alpha- a Beta-Quadrant, mat enger Ausdeenung vu méi wéi 8.000 Liichtjoer. Am Joer 2375 gëtt et iwwer 150 Memberwelten an iwwer 1000 deelautonom Kolonieen. Vill vun de momentane Memberwelte ware fréier mënschlech Kolonien, wat haut de Grond dofir ass, datt d'Mënschen de gréissten Deel vun der Starfleet ausmaachen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Federatioun gouf am Joer 2161 op der Äerd zu San Francisco kuerz virum Enn vum Ierdesch-Romulanesche Krich gegrënnt. D'Grënnungsmembere waren hei d'Vulkanier, d'Andorianer, d'Tellariten an d'Mënschen. Zur selwechter Zäit gouf eng nei Verdeedegungs- a Wëssenschaftsverwaltung gegrënnt, déi aus dem Militär vun den eenzele Memberwelten a virun allem vun der Äerd-Starfleet bestanen huet. Dës Verdeedegungs- a Wëssenschaftsverwaltung ass haut ënner dem Numm Starfleet bekannt.

D'Federatioun am Krich[änneren | Quelltext änneren]

D'Borg-Kris[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2367 koum et bei Wolf 359, engem Stäresystem, dat ongeféier 8 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass, zu enger vun de follgeräichste Konfrontatiounen an der Geschicht vun der Federatioun.

D'Borg Kollektiv, eng Rass vu kybernetsche Liewewiesen (Liewewiesen, déi zu engem Deel Humanoid, zu engem aneren Deel Roboter sinn), waren hei d'Agressoren an wollten d'Federatioun als gréisst Muecht am Alpha Quadranten zerschloen, fir selwer e Fouss an den Alpha Quadrant ze kréien. Bei Wolf 359 sinn Dausende vu Schëffer an Dausende vu Liewen ausgeläscht ginn.

Den Dominion-Krich[änneren | Quelltext änneren]

Uganks den 2370er Jore gouf am bajoranesche Secteur, an deem d'Federatioun d'Stärebasis Deep Space Nine ënnerhällt, e Wuermlach entdeckt, dat am Gamma Quadrant e stabilt Enn huet. Sou koum et och zu engem Éischte Kontakt mam Dominion, der stäerkster Muecht am Gamma Quadrant.

D'Dominion, en Imperium dat nëmmen op d'Vergréisserung vum eegenen Territoire beduecht ass, huet séier mat der Cardassianescher Unioun e Krichsbündnis geschloss an zesummen déi aner Muechten vum Alpha Quadrant ugegraff.

Dëst war eng vun den gréisste Krisen an der Geschicht vun der Federatioun, virun allem wann ee bedenkt, datt d'Federtioun d'Verloschter bei der Schluecht bei Wolf 359 nach net konnt opschaffen. D'Federatioun, souwéi hir Alliéiert d'Klingonen an d'Romulaner, huet hei Dausende vu Schëffer a Millioune vu Liewe verluer.

D'Géigner an d'Verbëndeter vun der Federatioun[änneren | Quelltext änneren]

Zanter hirem Bestoen hat d'Federatioun eng Rei vu Géigespiller. Hei eng Lëscht vun de Vëlker mam diplomateschem Status, deen d'Federatioun dem jeeweilege Vollek géintiwwer huet:

Organer vun der Federatioun[änneren | Quelltext änneren]

Emblem vun der Starfleet

D'Federatioun ass a verschidden Organer ënnerdeelt. Zu dësen Organer gehéieren zum Beispill:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

UFP UFP-Memberwelten UFP

Aaamazzariten - Andorianer (Grënnungsmember) - Androsaner - Antedeaner - Anticaner - Antosianer - Arbazan - Arcadianer - Arcturianer - Ardanans - Argellianer - Ariolo - Arkeniten - Atreaner - Bandi - Benziten - Berellianer - Berengarianer - Betazoiden - Betelgeusianer - Bolianer - Bynaren - Bzzit Khaht - Caitianer - Centauren - Coridaniten - Cygnetianer - Deltaner - Efrosianer - El Gatarkaner - Elaysianer - Grazeriten - Halii - Mënschen/Terraner (Grënnungsmember) - K'normianer - Kalandraner - Kasheeta - Kazariten - Klaestronianer - Ktarianer - Medusaner - Megariten - Napeaner - Peliar Zellianer - Ramatianer - Rhaandariten - Rigellianer - Saurianer - Selay - Shamin Priests - Tellariten (Grënnungsmember) - Tessen - Tiburiten - Trill - Ullianer - Vulkanier (Grënnungsmember) - Xelatianer - Zakdorn - Zaldaner - Zaraniten