Star Trek

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'original USS Enterprise NCC-1701

Star Trek (eng.: "Stärerees) ass en Iwwerbegrëff fir eng bis elo 5 Fernsehserien, enger Zeechentrickserie an 11 Kinofilmer. Star Trek ass beim Filmgenre Science-Fiction ze klasséieren an huet säin Ursprong an de 60er Joren.

Inhaltsverzeechnes

Den Ufank [änneren]

An de fréiere 60er Joren huet de Gene Roddenberry en éischt Dréibuch fir seng geplangten Science-Ficiton-Serie, déi bis dohin nach keen Numm hat, geschriwwen an verschiddenen Sender ugebueden. Fir d'éischt sollt dat berühmt Schëff "USS Yorktown" heeschen, gouf spéider awer an USS Enterprise ëmbenannt. Mëtt der 60er huet de Gene Roddenberry d'Méiglechkeet kritt, en Pilotfilm ze dréinen, deen vum amerikaneschen Fernsehsender NBC awer ofgelehnt gouf. Ze Usprochsvoll huet et op der enger Säit geheescht, op der anerer Säit hat den Sender och Angscht virun de Kritiken. The Cage (däitsch: Der Käfig) ass net ausgestrahlt ginn.

NBC huet dem Roddenberry awer eng zweet Chance ginn. D'Bedingunge waren, datt déi komplett Besetzung sollt ausgetosch ginn, besonneschg de Mr. Spock (Leonard Nimoy). Duerch seng spatz Oueren haten d'Produzenten Angscht, dem Public géif d'Serie als ze vill Satanistesch opfalen. De Roddenberry huet sech awer kënnen duerchsetzen, a sou ass de Mr. Spock op der Enterprise bliwwen an d'Majel Barrett (déi spéider mam Roddenberry bestuet war) huet d'Plaz vun der Éischter Offizéiesch misse géint eng Plaz op der Krankestatioun tauschen.

En neie Pilotfilm, "Where No Man Has Gone Before" (Spitze des Eisbergs) ass gedréit ginn. Mee amplaz vum Pilotfilm gouf direkt déi zweet Episod "The Man Trap" (Das Letzte seiner Art) gewossen. D'Serie, déi ënnert dem Numm "Star Trek (an Däitschland "Star Trek: Raumschiff Enterprise") gelaf ass huet et op 79 Folge bruecht.

Wéi dunn 20 Joer méi spéit d'Spin-off-Sendunge gedréit goufen, ass den Numm vun der éischter Serie an "Star Trek: The Original Series" ëmbenannt ginn.

Ëm wat geet et? [änneren]

Emblem vun der Vereente Federatioun vun de Planéiten

Star Trek ass d'Geschicht vun de Mënschen an der Zukunft. Am Joer 2061 (De 5. Abrëll) test den Zefram Cochrane déi éischt Kéier an der Geschicht vun der Mënschheet dat éischt Raumschëff (d'Phoenix), dat Warp-Vitesse erreeche kann. E vulkanescht Fuerschungsschëff, dat laanscht d'Ärd fléie soll, kritt dëst mat a lant op der Ärd. Et kënnt sou zum Éischte Kontakt. Honnert Joer méi spéit, am Joer 2161 gëtt d'Vereent Federatioun vun de Planéiten (eng.: UFP, United Federation of Planets) gegrënnt. D'Grënnungsmembere sinn d'Mënschen, d'Vulkanier an d'Andorianer.
Knapps honnert Joer méi spéit, an de 60er Jore vum 23. Joerhonnert, geet de Captain Kirk mat der Crew vun der USS Enterprise op déi berühmt 5-Jores-Missioun. Nach eng Kéier honnert Joer méi spéit, nom Joer 2363 geet en neit Zäitalter vun der Raumfaart un. De Captain Picard iwwerhëlt de Kommando iwwer d'Enterprise NCC-1701-D. Vum Joer 2369 un zéien d'Cardassianer hiren Usproch op Bajor zréck an d'Federatioun iwwerhëlt, a Fonctioun vum Oppasser, de Kommando ënnert der Leedung vum Captain Sisko iwwert d'Raumstatioun Deep Space Nine, déi sech am Orbit vu Bajor befënnt.
Am Joer 2371 kritt de Captain Janeway de Kommando iwwert d'USS Voyager NCC-74656 a gëtt während enger Missioun mam ganzen Schëff an den Delta Quadrant gezunn, dee 75.000 Liichtjoer wäit ewech läit. Eng laang Heemrees geet un. An derselwechter Zäit geet am Alpha Quadrant, speziell an der Géigend vun Deep Space Nine, de grousse Krich géint d'Dominion un.

Produktiounen [änneren]

Serien [änneren]

Produktiounszäitlinn

Kinofilmer [änneren]

Links [änneren]

Intern [änneren]

Extern [änneren]

כוכבים]]

Commons: Star Trek – Biller, Videoen oder Audiodateien