Liepāja

Vu Wikipedia
Vue op de Maart an d'Dräifaltegkeetskierch

Liepāja (Däitsch Libau, Polnesch Lipawa, Russesch Либава (Libawa) oder Лиепая (Liepaja), Jiddesch: ליבאַװע (Libave)) ass eng Stad a Lettland. Et ass, mat 78.144 Awunner (Stand 1. Januar 2016),[1] déi drëttgréisste Stad am Land an e wichtegen Hafen um Baltesche Mier, deen net zoufréiert. Liepāja läit an der Regioun Kurland (Kurzeme), 223 Kilometer westlech vu Riga.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass aus engem klenge kuresche Fëscherduerf entstanen, un der Mëndung vun der Līva; se gouf eng éischt Kéier als Lyva am Joer 1253 ernimmt. Zanter 1560 ass den Numm Libau resp. Liepāja dokumentéiert. 1625 huet den Herzog Friedrich von Kettler vu Kurland hir d'Stadrechter ginn déi 1626 duerch de Kinnek Sigismund III. Wasa vu Polen confirméiert goufen).

Liepāja huet zwéin Häfen, en Handels- an e Krichshafen Karosta. Dësen huet eng wichteg Roll am Éischten an am Zweete Weltkrich gespillt an och, als Marinn-Posten, an der Zäit vun der Besatzung duerch d'Sowjetunioun.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäert ass d'Alstad mam ale Quartier vun de Späicheren, d'Dünen-Plage an och:

  • d'evangeelesch Kierch St. Anna (1587 ageweit) mat hirem monumentalen, holzgeschnëtzte Barock-Altor vu 1697;
  • d'evangeelesch Dräifaltegkeetskierch (1758 ageweit), mat senger Uergel vun 1885, déi 131 Regestern, véier Manualen a méi wéi 7.000 Päifen, an déi bis 1912 déi gréisst vun der Welt war.
  • d'kathoulesch St. Josephs Kathedral (1762 ageweit);
  • d'orthodox Dräifaltegkeetskierch, déi 1867 gebaut gouf;
D'Nikolai-Kierch tëscht Plattebauten, Karosta
  • de Quartier Karosta (Krichshafen) mat:
    • der orthodoxer St. Nikolai-Kathedral, déi 1901–03 gebaut gouf,
    • dem historesche Militärprisong, deen haut e Musée an eng Auberge,
    • der Festung,
    • der Manege, an
    • ausgebeente betongs Plattebauten, déi eidelstinn, zanter datt d'russesch Militär ofgezu gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liepaja – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. «Latvijas iedzīvotāju skaits pašvaldībās pagastu dalījumā» Gearchiveerd op 2016-10-20. Gekuckt de(n) 2016-07-16.