Liisi Oterma

Vu Wikipedia
Liisi Oterma
Gebuer 6. Januar 1915
Gestuerwen 4. Abrëll 2001
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Astronom, Esperantist

D'Liisi Oterma, gebuerde 6. Januar 1915, a gestuerwen de 4. Abrëll 2001, war eng finnesch Astronomin an Entdeckerin vu 54 Asteroiden (Klengplanéiten).

Déi talentéiert jonk Liisi Oterma huet op der Universitéit Turku studéiert – am Ufank am Fach Mathematik a spéider Astronomie. Zesumme mam Yrjö Väisälä, deem seng Studentin si ufanks war, war si mat um Opbau vun der astronomescher Fuerschung a Finnland bedeelegt. Si war déi éischt Fra, déi a Finnland am Wëssenschaftberäich Astronomie promovéiert huet. Hir Dokteraarbechtt huet sech mat dem Theema Teleskop-Optik befaasst. Spéider huet si eng Professur op der Universitéit Turku kritt an huet d'Nofolleg vum Väisälä als Direktesch vum Tuorla Observatoire ugetrueden.

D'Liisi Oterma huet am Kader vun engem intensiven Asteroidesichprogramm e ganze Koup Asteroide souwéi ë. a. d'Koméiten 38P/Stephan-Oterma an 39P/Oterma entdeckt. No hir gouf den Asteroid (1529) Oterma genannt, deen 1938 vun hirem Mentor Yrjö Väisälä entdeckt gouf. D'Oterma war villsäiteg intresséiert an talentéiert, war awer ëmmer ganz einfach, wann et ëm hir eege Persoun gaangen ass. Hir Dissertatioun huet si a franséischer Sprooch verfaasst.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]