Louis de Freycinet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Louis de Freycinet

De Louis Claude Desaulces de Freycinet (* 07. August 1779 zu Montélimar; † 18. August 1842 zu Loriol, Drôme) war e franséischen Entdecker.

De Freycinet ass 1793 an d'franséisch Marine agetratt an huet 1800 den Entdeckungsreesende Kapitän Nicolas Baudin an Australien begleet. Dës éischt Entdeckungsrees huet bis 1804 gedauert. Erëm doheem, gouf hien d'Joer drop als Schëffsleutnant beim Depot vun der Marine fir Kaarten a Pläng fest ugestallt. 1817 huet hien de Kommando iwwerholl vum Schëff Uranie fir ozeanographesch Fuerschungen an Etüden iwwer den Äerdmagnetismus am Pazifik ze maachen. No engem Tëschestop zu Rio de Janeiro ass en ëm de Kap vun der gudder Hoffnung gefuer, huet den Norde vun Australien, d'Marianen an d'Hawai-Insele besicht. Seng Fra Rose, déi als Matrous op d'Schëff geschmuggelt gi war, krut vun hirem Mann e spezielle Cadeau. Hien huet eng vun de Samoa-Inselen no hir genannt.

Op der Heemrees huet de Louis de Freycinet säi Schëff bei de Falkland-Insele missen opginn. En huet e Walfänkschëff kaaft, a mat deem ass en heem gefuer.

1826 gouf hie Gouverneur vu Martinique. Mä net laang drop, 1830, huet hie sech op säi Landsëtz Loriol zréckgezunn, wou en den 18. August 1842 gestuerwen ass.

D'Freycinet-Hallefinsel (Tasmanien), eng Insel am Pomotu-Archipel, haut Tuamotu-Archipel, e Kap un der australescher Westküst, eng Triichtermëndung un der australescher Ostküst, an eng Planz, d'Caulerpa Freycinetti, sinn no him genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Voyage de découvertes aux terres australes pendant les années 1800-4. 4 Bänn an Atlas (2. Opl. Paräis 1824 - 1825)
  • Voyage autour du monde pendant les années 1817-20. 13 Bänn (Paräis 1824 - 1844)

Bicher zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-René Constant Quoy an de Joseph Paul Gaimard: 1824 Voyage autour du monde exécuté sur les corvettes de S.M. l'Uranie et la Physicienne, pendant les années 1817, 1818, 1819, et 1820, Paräis, Pillet Aîné.
  • Jacques Arago: Voyage autour du monde sans la lettre A", Den Arago, deen als Zeechner 1817 mat um Schëff war, huet 1853 zu Paräis en 33 Säite laangen Text an enger Broschür erausginn, an deem de Buschtaf A net gebraucht gouf.
  • Rose de Freycinet: Journal du voyage autour du monde à bord de l'Uranie (1817-1820), (Neidrock no der Editioun vu 1927) Paräis, Éditions du Gerfaut, 2003. (mat Illustratioune vum Arago)