Méizuel
D'Méizuel (oder Plural, vum lat. (numerus) pluralis „wat an der Méizuel steet“, ofgeleet vu lat. plures „hirer méi“; ofgekierzt pl), ass an der Grammaire eng Bezeechnung fir en Numerus, dee "méi wéi een" ausdréckt. De Contraire ass d'Eenzuel (oder Singular).
A verschiddene Sprooche ginn et eege Forme fir de sougenannten Dual (= wat sech op zwou Saachen oder Persoune bezitt), Trial (dräi Deeler) oder Paukal (e puer Deeler).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Méizuel bei Artikelen
[änneren] Méizuel bei Substantiver
D'Méizuel vu Substantive gëtt je no Sprooch ënnerschiddlech gebilt.
[änneren] Méizuel am Lëtzebuergeschen
Am Lëtzebuergeschen gëtt et eng etlech Manéieren, fir d'Méizuel grammatesch auszedrécken, woubäi et keng eendeiteg oder allgemeng Regel gëtt, watfireng Form bei watfir Wierder gebraucht gëtt.
Déi heefegst Endunge sinn:
-er
| d'Bett | pl= d'Better |
| den Dësch | pl = d'Dëscher |
-en
| d'Fra | pl = d'Fraen |
| d'Wonn | pl = d'Wonnen |
Wierder aus anere Sproochen
- Wierder déi aus dem Franséische kommen, kréien am allgemengen d'Endung -(e)n an der Méizuel:
| de Client | pl = d'Clienten |
| de Wagon | pl = d'Wagonen |
| d'Ficelle | pl = d'Ficellen |
- Datselwecht gëllt fir Wierder déi aus soss Sprooche kommen:
| den Toreador | pl = d'Toreadoren |
| d'Paprika | pl = d'Paprikaen |
| de Computer | pl = d'Computeren |
- Bei Wierder, déi aus dem Laténgeschen, dem Griicheschen, dem Italienesche oder dem Englesche kommen, gëtt et nieft dem Drunhänke vun "-en" och d'Méiglechkeet, d'Pluralform aus deene Sproochen ze gebrauchen:
Referendumen oder Referenda, Lexikonen oder Lexika, Lemmaen oder Lemmata, Librettoen oder Libretti, Fanen oder Fans, ... [1]
- Ausname vun dësen Ausname si verschidde laténgesch Wierder op "-us", bei deenen "-us" duerch "-en" ersat gëtt: Sg. Rhythmus; Pl. Rhythmen, an net *Rhythmussen.
Och Ofkierzunge kréien an der Méizuel "-en":
Asblen, OGMen, PCen,...
Méizuel vun -in
Weiblech Beruffs- oder Fonctiounsbezeechnunge mat der Endung -in kréien an der Méizuel -nen bäi:
| d'Léierin | pl = d'Léierinnen |
| d'Presidentin | pl = d'Presidentinnen |
Verschiddener changéieren de Vokal oder Duebellaut an der Méizuel:
| den Numm | pl = d'Nimm |
| de Plou | pl = d'Pléi |
| de Schaf | pl = d'Schief |
Aner Substantiver bleiwen onverännert:
| d'Päerd | pl = d'Päerd |
| de Schong | pl = d'Schong |
| de Fréisser | pl = d'Fréisser |
En etlech changéieren e Konsonant an/oder e Vokal, an/oder kréien eng Silb méi:
| d'Blat | pl = d'Blieder |
| d'Haus | pl = d'Haiser |
| d'Maus | pl = d'Mais |
| d'Glas | pl = d'Glieser |
Zu gudder Lescht gëtt et nach déi, déi en en an der Eenzuel hunn, an deen an der Méizuel verléieren:
den Deputéierten pl = d'Deputéiert.
An natierlech gëllt och bei de Pluralformen d'Eifeler Regel, dat heescht, dass den "-n", jee nodeems mat wat dat nächst Wuert ufänkt, ewechfält:
-
d'Toreadoren an der Arena Mee: d'Toreadore beim Patt d'Paprikaen op der Zalot Mee: d'Paprikae sinn zeideg d'Computeren ënnert dem Schreifdësch Mee: d'Computere goufen ausgeliwwert
[änneren] Referenzen
- ↑ Dobäi kënnt et alt zu Duebelmarkéierungen, wann ee sech der Méizuel net bewosst ass, wéi z.B. bei *Spaghettien, *Maccaronien, asw.
[änneren] Literatur
- Nübling,Damaris (2006): "Zur Entstehung und Struktur ungebändigter Allomorphie: Pluralbildungsverfahren im Luxemburgischen." In: Claudine Moulin, Damaris Nübling (Hgg.): Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. Heidelberg: Universitätsverlag Winter. ISBN 3-8253-5156-4, S. 107-125.