Manuel Andrack

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Manuel Andrack.

De Manuel Andrack, gebuer den 23. Juni 1965 zu Köln, ass en däitschen Televisiounsredakter, -moderateur an Auteur. Hie war 13 Joer laang dem Harald Schmidt säi Redakter a gouf doduerch bekannt, an där Funktioun eng zäitchelaang am Schmidt senger Show als säi Sidekick opgetrueden ze sinn.

Hie schreift zanter der Mëtt vum 1. Joerzéngt vun den 2000er Jore Bicher, Artikelen a Kolumnen (ë. a. am Stern an an Die Zeit) iwwer d'Wanderen. A sengem Buch Wandern: Das deutsche Mittelgebirge für Amateure und Profis beschreift hien ënner dem Titel Luxembourg: 12 points en Trëppeltour an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz ronderëm Bäerdref. Dofir gouf hien am Oktober 2009 mam Mëllerdaller Reesbengel ausgezeechent[1] an e Schloff an engem Fiels gouf no him "Passage Mandrack" genannt.[2]

Hien huet och zesumme mam Guy Helminger deem säi Buch Die Ruhe der Schlammkröte, dat Erliefnisser an engem Kölner Punk-Rock-Bistro verzielt, kommentéiert an nei erausbruecht. Aner Bicher vun him sinn iwwer den 1. FC Köln an iwwer Familljefuerschung.

De Manuel Andrack lieft a schafft zanter Enn 2008 zu Saarbrécken. Nieft dem Schreiwe mécht hie regelméisseg Emissioune fir déi saarlännesch Tëlee, z. B. iwwer säi Liewen als Nei-Saarlänner, an eng Kachsendung.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Manuel Andrack: Du musst wandern. Ohne Stock und Hut im deutschen Mittelgebirge. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2005, ISBN 3-462-03488-X
  • Manuel Andrack: Meine Saison mit dem FC. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2005, ISBN 3-462-03584-3
  • Manuel Andrack: Wandern. Das deutsche Mittelgebirge für Amateure und Profis. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2006, ISBN 3-462-03745-5
  • Guy Helminger, Manuel Andrack: Die Ruhe der Schlammkröte. Verlag Kiepenheuer & Witsch, Köln 2007, ISBN 3-462-03784-6
  • Manuel Andrack: Von wem habe ich das bloß. Auf den Spuren der Ahnen. Eine Gebrauchsanweisung. KiWi, Köln 2008, ISBN 978-3-462-04038-8
  • Manuel Andrack: 2 mit Grips und GPS. Cache! Wir finden ihn!. Mixtvision Verlagsges., München 2009, ISBN 978-3-939-43522-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Katharina Hammermann: "Andrack geht der Eifel fremd." volksfreund.de, 29.09.2009.
  2. Manel Andrack: "Die Mandrack-Passage". wandermagazin.de, Ausgabe 150 (Januar/Februar 2010).