Marc Lambert

Vu Wikipedia
Marc Lambert
Gebuer 11. Juli 1914
Gestuerwen 27. Januar 2004
Famill
Papp Max Lambert

De Marc (Marco) Lambert, gebuer den 11. Juli 1914 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 27. Januar 2004, war e lëtzebuergesche Manager. Vun 1957 bis 1990 war hie Generaldirekter vun der Versécherungsgrupp Le Foyer.

De Fils vum Banquier Max Lambert, engem Grënner vum Foyer, war mat der Manon Laval, der Duechter vum engem anere Grënner vum Foyer, dem Léon Laval, bestuet. D'Koppel hat zwou Duechteren, d'Claude Penning-Lambert (*1940) an d'Christiane Worré-Lambert (*1943).

De Marc Lambert, Docteur en Droit, huet den 10. Mee 1940 beim Foyer ugefaange wou hien 1944 Direkter gouf. 1957 gouf hie President vum Verwaltungsrot a Generaldirekter vu Le Foyer, Compagnie luxembourgeoise d'assurances.

1990 huet hie sech aus dem operationelle Geschäft zeréckgezunn mä blouf President vum Verwaltungsrot vu Le Foyer S.A., der Daachgesellschaft vun der Compagnie. Ënner senger Leedung ass den Ëmsaz vum Foyer vun 300.000 Euro op iwwer 400 Milliounen Euro geklommen.

Vun 1967 bis 2004 war de Marc Lambert President vum Golf Club Grand-Ducal.

De Marc Lambert ass de 27. Januar 2004 doheem um Haff Kléngelbur, tëscht dem Briddel a Steesel, gestuerwen.  

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule XII, 1963
  • Le Foyer: Rapport annuel 2003, Luxembourg, 2004

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxroots.com.