Foyer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foyer
Foyer S.A. Group Luxembourg - Front - July 2012.jpg
Typ S.A.
Grënnung 1922
Sëtz Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg, Leideleng
Mataarbechter 616 (2013)
Ëmsaz 484,59 Milliounen EUR (2013)
Produit Versécherungen, Finanzen
Um Spaweck www.foyer.lu

D'Grupp Foyer ass eng lëtzebuergesch Finanzgrupp mat Sëtz zu Leideleng, déi hir Originnen am Versécherungssekteur huet.

D'Versécherungsgesellschaft Le Foyer[änneren | Quelltext änneren]

D'Assurancegesellschaft Le Foyer, Compagnie Luxembourgeoise d'Assurances S.A. gouf den 28. Oktober 1922 mat engem Kapital vu 5 Millioune Frang ob Initiative vum Léon Laval gegrënnt. De Sëtz war am Haus Moll um Eck rue Casino a rue du Nord an der Stad.

De Léon Laval war vun 1922 bis 1941 an dunn nees vun 1945 bis 1957 President, de Max Lambert Vizepresident vun 1922 bis 1957, dëst souwuel vum Verwaltungsrot wéi vum Direktiounskommittee. De Joseph Bach, dee vum Foyer selwer bei sengem accidentellen Doud 1939 als “principal fondateur” bezeechent gouf, war Administrateur-délégué an den éischte Generaldirekter. De Max Menager war vun 1922 bis 1962 Administrateur, Inspecteur Général an Direkter. Aner Grënnungsmembere vum Verwaltungsrot waren den Ernest Hamélius (bis 1937) an de Charles Bech (bis 1958).[1]

D'Aktivitéite vum Foyer si ganz séier iwwer d'Grenzen eraus gaangen. 1923 gouf e Büro am Saarland opgemaach. An den 1930er Joren hunn dës Aktivitéiten awer, wéinst der politëscher Situatioun am Saarland, nees obgi ginn. 1924 gouf de Foyer a Frankräich aktiv an 1925 an der Belsch.

Am Zweete Weltkrich huet d'Zivilverwaltung 1941 d'Liquidatioun vum Foyer beschloss. Déi Decisioun ass awer ni ausgefouert ginn.

1947 huet de Foyer de lëtzebuergesche Portfeuille vun der Compagnie de Bruxelles iwwerholl. 1948 gouf decidéiert en neie Sëtz um Eck Avenue Guillaume an Escher Strooss ze bauen.

Am Joer 1953 encaisséiert de Foyer fir d'éischt Prime fir méi wéi 100 Millioune Frang, wouvun iwwer d'Hallschent vu Lëtzebuerg kommen.

Nom Doud vum Léon Laval an dem Max Lambert gouf 1957 de Marc Lambert President vum Verwaltungsrot a Generaldirekter.

1970 klëmmt de Chiffre d'affaires fir d'éischt iwwer 1 Milliard Frang. Dat Joer drop plënnert de Foyer a säi neie Siège um Kierbierg.

D'1970er Jore waren eng schwiereg Zäit fir d'Versécherungsgesellschafte well d'Regierung am Kampf géint d'Inflatioun hinnen net erlaabt huet hir Primen ze hiewen.[2]

1980 mécht de Foyer säi Kapital op. De Schwäizer Réckversécherer Swiss Re iwwerhëlt eng Participatioun vu 34,8 % am Kapital vun der lëtzebuergescher Versécherungsgesellschaft. dës Participatioun gëtt 5 Joer méi spéit, am Accord mam Foyer, vum engleschen Assureur Guardian Royal Exchange iwwerholl.

Am Joer 1982 zitt de Foyer sech vum franséische Marché zréck a verkeeft säi Portefeuille un de franséische Grupp Le Secours. 1990 gëtt d'Gesellschaft schliisslech och de belsche Marché op andeems se hir Aktivitéiten un d'Royale belge verkeeft. De Foyer wäert eréischt 1996 nees eng international Aktivitéit, mat der Gesellschaft Foyer International, opbauen, déi Versécherungen an Europa am Kader vun der Déngschtleeschtungsfräiheet kommerzialiséiert.

1986 huet de Marc Lambert d'Generaldirektioun un de François Tesch ofginn, deen 1983 bei der Gesellschaft ugefaangen hat.

De Grupp Le Foyer Finance[änneren | Quelltext änneren]

D'Joer 1990 markéiert eng strategesch Réorientatioun vum Foyer, och en Vue vum europäesche Marché unique vun 1993. Aus der Versécherungsgesellschaft gëtt e Grupp dee sech iwwer dat nächst Joerzéngt méi breet opstellt. D'Daachgesellschaft vun dëser Grupp ass d'Gesellschaft Le Foyer Finance S.A., där hire gréissten Aktionär d'Gesellschaft Luxunion S.A. ass an där d'Famille Laval, Lambert an Tesch hir Participatioun rassembléiert hunn. Den zweetgréisste Block vun Aktionäre sinn eng gréisser Zuel lëtzebuergesch Famillen a Privatleit mat méi klengen Undeeler.[3]

E wichtege Schrëtt an der neier Stratégie ass 1992 de Kaf vu Le Foyer Finance vun enger Participatioun vun 28,13 %, déi vun der BIL verkaf ginn ass, an der Participatiounsgesellschaft BIL Participations. BIL Participations gouf duerno a Luxempart ëmbenannt.

Entwecklung an den 1990er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider Diversificatioun ass 1997 d'Grënnung vu Foyer Asset Management, déi sougenannten institutionnellen Investisseure Servicer ubitt. Zwee Joer méi spéit koum den éischte Schrëtt an d'Verméigungsverwaltung fir privat Clientë mam Gestionnaire de fortune Le Foyer, Ottaviani & Associés. Béid Gesellschaften gi spéider a Foyer Patrimonium ëmgedeeft. Mä och d'Versécherungsaktivitéite vum Grupp sinn iwwer d'Joren ëmmer weider ausgebaut ginn, vill och iwwer Partenariater: Europe Assistance Luxembourg (1976 bis 2008), Cogere (1988), Le Foyer-Arag (1989), BIL-Vie (1992 bis 2000), Kooperatioun mat Wüstenrot (1992-2003), Foyer Re (1994 bis 2011), Le Foyer Santé (1999), Raiffeisen-Vie (2002) oder nach Schwäbisch-Hall (2004). Um lëtzebuergesche Versécherungsmaart ass de Foyer Nummer 1 am Net-Liewen-Geschäft an d'Nummer 2 am Liewe-Geschäft. Global ass de Foyer d'Nummer 1.

D'Joer 1999 markéiert eng wichteg, wann och erzwongen Etapp an der Entwécklung vum Foyer: Ufank vum Joer gëtt Guardian Royal Exchange, Aktionär zu 34,77 % vum Grupp ,vum franséiche Versécherunggigant Axa obkaf. Axa ass och um Lëtzebuerger Marché present a gëllt als drëttgréissten Assureur. D'Famillenaktionäre vum Foyer hunn direkt Mesure geholl fir sécher ze stellen, datt Axa keen zougrëff ob d'Gesellschaft kréich. Déi Aktië vu Le Foyer Finance déi d'Gesellschaft selwer gehalen huet goufe sou un d'Luxempart weidergereecht. Axa krut awer schlussendlech nëmmen d'gréng Luucht vun der Europäescher Kommissioun fir d'GRE z'iwwerhuele wa si d'Participatioun am Foyer géife verkafen.[4] De Grupp Foyer huet dunn dës Aktië selwer zréckkaf.[5]

Gang ob d'Bourse vu Le Foyer S.A.[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'GRE-Operatioun ze finanzéiere gëtt de Grupp fir d'éicht nei organiséiert an d'Versécherungsaktivitéiten (Liewen an Net-Liewen) mat der Verméigungsverwaltung an enger neier Gesellschaft regroupéiert: Le Foyer, Compagnie luxembourgeoise S.A. Duerno gouf dës Gesellschaft, am Juni 2000, ob d'Lëtzebuerger an d'Bréisseler Bourse bruecht. De Präis vun der Aktië louch bei 39 Euro.

Le Foyer Finance verkeeft ronn 20 % vun der Compagnie. Dovu ginn awer ronn 5 % u Luxempart verkaf, Gesellschaft déi hirersäits zu ronn 35 % vu Le Foyer Finance kontrolléiert gëtt an déi och zu ronn 15 % Aktionär bei Le Foyer Finance ass. Le Foyer S.A. hält och, indirekt, eng kleng Participatioun a Le Foyer Finance.

De François Tesch bleift Administrateur délégué vu Foyer S.A. De Marc Lambert ass bis zu sengem Doud 2004 de President vum Verwaltungsrot vu Le Foyer Finance bliwwen.

Entwecklung zanter 2000[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2005 ännert de Foyer säin Numm an aus “Le Foyer” gëtt einfach “Foyer”. D'Joer drop plënnert d'Gesellschaft vum Kierchbierg op Leideleng.

Am Joer 2009 huet Foyer S.A. seng Aktivitéiten an der Verméigensverwaltung an am Asset Management ausgebaut an de belsche Grupp Capital-at-Work kaf, deen zu enger richteger Privatbank ausgebaut soll ginn.[6]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Le Foyer S.A., Rapport annuel 2003, Luxembourg, 2004
  2. Le Quotidien: "Fiers d'être restés une entreprise familiale", Interview vun der Geneviève Montaigu mam Pit Hentgen, 7. November 2011, S. 2
  3. Le Foyer S.A.: Prospectus d'introduction en Bourse, Luxembourg, 19 Juin 2000, S. 39
  4. d'Lëtzebuerger Land: “L'actionnaire X”, 17. September 1999, S. 8-9
  5. d'Lëtzebuerger Land: “Le Foyer et Axa”, 10. Dezember 1999, S. 9
  6. Foyer S.A.: CapitalatWork Foyer Group, la future banque privée du Groupe Foyer, Communiqué de presse, 5 mai 2011