Marion Zovilé-Braquet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marion Zovilé-Braquet
Gebuer 1960er
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Verwaltungsbeamten, Lokalpolitiker

D'Marion Zovilé-Braquet, gebuer ëm 1961[1], ass eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin (CSV) a Buergermeeschtesch vun der Gemeng Conter.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No de Gemengewale vun 2017 koum et zu Conter zu enger CSV-LSAP-Koalitioun an d'Marion Zovilé-Braquet ass zanterhier Buergermeeschtesch[2].

Si war Member am Verwaltungsrot vum CIGR Syrdall. Nodeems et Reprochen um finanzielle wéi um personelle Plang gouf, huet si sech fir d'Opklärung vun de Mëssstänn an der Beschäftegungsinitiativ agesat. Si huet den 9. Oktober 2019 matgedeelt, datt si Plainte géint Onbekannt a géint ee Collaborateur vum CIGR Syrdall deposéiert huet. Zu deem Ament huet d'Gemeng Conter och decidéiert, fir als Member aus dem CIGR Syrdall auszetrieden[3].

Perséinleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Marion Zovilé-Braquet schafft als administrativ Cheffin bei der Antidoppingagence. Si ass bestuet a Mamm vu véier Kanner[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (de)Gemengewahlen : Marion Zovilé-Braquet zu Conter CSV-Spëtzekandidatin. mywort.lu (2017-04-18). Gekuckt de(n) 2023-07-06.
  2. (fr)Elections communales: Marion Zovilé-Braquet, nouvelle bourgmestre de Contern. infos.rtl.lu. Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  3. (lb)Affär CIGR Syrdall: Mike Hagen: Austrëtt vu Conter keng Iwwerraschung. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  4. (de)Eine Bürgermeisterin für Contern. luxemburger-wort-online (17.11.2017). Gekuckt de(n) 06.07.2023.