Bridderhaus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Metze Spidol)
Bridderhaus;
Metze Spidol
Bridderhaus (fréiert Metze Spidol), 2022.
Land Lëtzebuerg
Adress 1 rue Léon-Metz
Koordinaten 49° 30’ 09.79’’ N 05° 59’ 09.87’’ O
Baustil Neo-Renaissance
Status klasséiert
Datum vum Bau 1878
Proprietär Stad Esch
Grënnungsdatum 1878


D'Bridderhaus, (fréier:Metze Spidol) ass e Gebai zu Esch-Uelzecht, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz gebaut gouf als e Spidol fir hir Aarbechter. Zanter 2022 sinn do Kënschtlerresidenzen dran ageriicht.

Et steet op Nummer 1 an der Léon-Metz-Strooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et war dëst dat éischt Spidol zu Esch a gouf ufanks vun de Baarmhäerzege Bridder gefouert.[1] Heiansdo war dofir och vum Bridderspidol rieds.

Ufanks hat d'Spidol 30 Better. Wärend dem Éischte Weltkrich war et e Lazarett. An den 1920er Jore gouf et vergréisser a moderniséiert an d'Kapassitéit op 42 Betten ausgebreet; et koume en Operatiounssall, e Radiologiesall, e Mechanotherapie-Raum an e Solarium bäi.[2]

Den éischten Direkter war den Dr. Nicolas Metzler (1844-1894),[3] dono säi Brudder Pierre Metzler.

Nodeems 1929/30 en neit Escher Spidol a Betrib geholl gi war, gouf et an an e Fleegeheem ëmfonctionéiert, virun allem fir pensionéiert oder invalid Schmelzaarbechter vun der Arbed. 1963 huet d'ARBED d'Gebai der Stad Esch geschenkt, déi d'Notzungsrechter un de Staat weiderginn huet.

1981 huet d'Fleegeheem wéinst Personalmangel bei de Baarmhäerzege Bridder de Betrib zougemaach, an d'Gebai gouf eng Zäitchen als Foyer du jour fir eeler Leit benotzt. Bis 2009 hat Hëllef Doheem hir Büroen dran. Den 2. Mäerz 2018 gouf et op d'Lëscht vun den nationale Monumenter klasséiert.[4]

Nodeems et eng 10 Joer eidel stoung, huet d'Gemeng Esch et, no Pläng vu Beng Architectes,fir ronn 9 Milliounen Euro, ëm-, an en Ubau a modernem Stil ubaue gelooss. De 16. Juni 2022 goug d'Gebai, mat senge 7 Kënschtlerresidenzen (plus eng weider am neien Ubau) offiziell op.[5]

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

De Giewel vum Gebai ass am Stil vum flämesche (Neo-)Renaissance, mat "Träppleken" op de Giewelen, déi vu béide Säiten no uewe ginn, an déi am Volleksmond "Kazentrap" genannt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bridderhaus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Sascha Seil: "Historisch, architektonisch und ästhetisch, Prädikat erhaltenswert." Tagebaltt, 11. Dezember 2014, S.48.
  2. "Historisches und architektonisches Esch (9): Krankenhaus Metz & Cie („Bridderhaus“)." tageblatt.lu, 2020-04-21.
  3. "Lokal-Neuigkeiten. "In: Luxemburger Wort1894. Jg., Nr. 297 (24.10.1894), S. 2.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  5. France Clarinval: "L'après-2022 se dessine à Esch." d'Lëtzebuerger Land 10.06.2022, S.7.