Meubert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En Assortiment vu Meubert-Päckelcher

Meubert ass den Numm vun enger lëtzebuergesch Mark Liewensmëttel, déi vun 1947 bis den Hierscht 2009 vun der Firma Globex Sàrl vermaart goufen an zënterhir vun der Firma Fixmer-Van Landewijk.

Ënnert dem Numm Meubert gëtt Panéiermiel sou wéi och verschidden Zorte Steifen, ewéi Tapioca, Räis- a Gromperemiel, Schmull, Geescht, asw. fir Zosen an Zoppe méi déck ze maachen verkaaft.

Den Numm "Meubert" ass aus de Virnimm vun 3 vun den éischten Associéë vu Globex, Michel, Eugène an Albert, zesummegesat. Ufanks goufen och aner Produkter, wéi z.B. Nuddelen, ënnert deem Numm verkaaft (an den Nuddele goufen, als Verkafsgimmick, Hellegebillercher bäigeluecht), mee schonns an den 1960er Joren gouf sech op déi Gamme festgeluecht, déi et och nach haut gëtt.

An den 1960er Jore gouf och den Design um Pak, wéi en haut nach bekannt ass, agefouert: e Vexéierbild vun enger Fra, déi e Pak am Grapp huet, op deem eng Fra ass, déi e Pak am Grapp huet, op deem... Et ass haut net méi erauszefannen, ween déi bekannt Onbekannt ass: Si war als Remplaçante fir de Mannequin, deen erausgesicht war, agesprongen; an d'Dréckerei, déi dat produzéiert huet, ass kuerz dono faillite gaangen, an hire Proprietaire gestuerwen.

[änneren] Literatur

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht