Microcleidus melusinae

Vu Wikipedia
† Microcleidus melusinae
Den Holotyp no der Preparatioun, am Naturmusée

Den Holotyp no der Preparatioun, am Naturmusée
Den Holotyp no der Preparatioun, am Naturmusée
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Sauropsida
Uerdnung: Plesiosauria
Iwwerfamill: Plesiosauroidea
Famill: Microcleididae
Gattung: Microceidus
Wëssenschaftlechen Numm
† Microcleidus melusinae
Vincent et al., 2017
Den Typ-Specimen virun der Preparatioun

De Microcleidus melusinae ass eng ausgestuerwe Plesiosaurieraart aus der Gattung Microcleidus.[1]

Et ass e Reptil aus dem Toarcium, dat viru ronn 185 Millioune Joer ënner Waasser gelieft huet, a sech vu Fësch a Kappféisser erniert huet. Seng hënnescht a viischt Extremitéiten haten d'Form vu Schwammflossen. Si haten e längelzege Kierper, e laangen Hals an e relativ klenge Kapp.

Bei Terrassementsaarbechten beim Bau vun der Collectrice du Sud zu Suessem[2] goufen uganks der 1990er Jore verstengert Reschter vun engem bal komplette Skelett fonnt. 2017 goufen déi vun enger Ekipp vu Fuerscher an Zesummenaarbecht mat der Paleontologin Peggy Vincent vu Paräis analyséiert. D'Skelett krut den Numm Microcleidus melusinae an ass am Naturmusée mat der Sammlungsnummer TV434 ausgestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Vincent, P., R. Weis, G. Kronz & D. Delsate, 2017. – Microcleidus melusinae, a new plesiosaurian (Reptilia, Plesiosauria) from the Toarcian of Luxembourg. – Geological Magazine, 1-18. doi:10.1017/S0016756817000814. Abstract.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Mélusine refait surface." Communiqué op naturmusée.lu, Oktober 2017.
  2. Plesiosaurus entdeckt: Eng Aart "Lëtzebuerger Nessi" op rtl.lu vum 30.Oktober 2017