Mobile TeleSystems

Vu Wikipedia

Mobile TeleSystems (MTS) (ru. Мобильные Теле Системы (MTC)) ass mat 102,4 Millioune Clienten[1] dee gréisste Mobilfunkubidder a Russland an an der GOS.

De konsolidéierten Ëmsaz louch 2009 bei ëm déi 9,8 Milliarden US-Dollar an de konsolidéierte Gewënn bei ronn 1 Milliard US-Dollar[2]. Méi wéi 26.000 Employéë stinn a Loun a Brout.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mobile TeleSystems gouf am Joer 1993 als Joint Venture vum Moskauer Telefonskonzern Moskowskaja Gorodskaja Telefonnaja Set (MGTS) (russ. Московская Городская Телефонная Сеть) an dräi russesche Partner (53 %) an den däitschen Entreprisen Deutsche Telekom a Siemens AG (47 %) gegrënnt.

1996 huet Sistema d'Parte vun MGTS a senge Partner iwwerholl an d'Deutsche Telekom d'Parte vu Siemens.

Am Joer 2000 ass MTS an eng Aktiegesellschaft ëmgewandelt ginn. Si gouf den 28. Abrëll dat Joer op der Moskauer Bourse am RTS-Index cotéiert an den 30. Juni um New York Stock Exchange am MBT-Index.

Tëscht 2003 an 2005 huet d'Deutsche Telekom hir Aktië vun MTS fir geschaten 3 Milliarden Euro nees verkaaft, offiziell fir Scholden ofzebauen.

Déi aktuell Aktionären[3]:

  • 52,8 % - Sistema
  • 46,7 % - Streebesëtz
  • 0,5 % - Soss Aktionären

Operatiounsgebitt[änneren | Quelltext änneren]

D'Mobilfunknetz vun MTS gebraucht de GSM Standard. Den Operateur huet 1994 mat enger Lizenz fir Moskau ugefaangen a krut 1997 nach Lizenze fir weider Gebidder, woumat d'Expansioun sou lues un d'Rulle koum. Haut huet MTS Lizenze fir 81 vun den 83 russesche Regiounen an och fir Wäissrussland, d'Ukrain, Turkmenistan an Armenien[4],[5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: MTS – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. MTS Websäit (Stand 31. Dezember 2009)
  2. MTS Websäit - Joresrapport 2009
  3. MTS Websäit 2011-03-31
  4. MTS Websäit 2006-10-29 Archivéiert op 2006-11-13. Gekuckt de(n) 2011-03-30.
  5. MTS Websäit 2006-10-29