Mons
Mons nl: Bergen pcd: Mont | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Provënz Hainaut |
Arrondissement | Mons |
Awunner | 95.299 (1. Januar 2018) |
Fläch | 14.653 |
Koordinaten |
50° 27’ 00’’ N 03° 57’ 00’’ O |
Telefonszon | 065 |
Postcode | 7000 |
Websäit | https://www.mons.be/ |
Mons ass eng belsch Stad a Wallounien. Et ass de Chef-lieu vun der Provënz Hainaut a fréier Haaptstad vun der Grofschaft Hainaut. Et ass den Haaptuert vum Arrondissement Mons an de Sëtz vun enger vun de 5 Cour d'appellen an der Belsch. Zanter 1967 ass do de militäresche Kommandozentrum vun der NATO an Europa (SHAPE).
Mons ass och fir seng Ducasse oder Doudou bekannt, eng Pressessioun, bei där et zu der Opféierung vum Kampf géint en Draach kënnt, déi zanter 1349 all Joer organiséiert gëtt, an déi zanter 2005 op der Lëscht vum mëndlechen an immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO steet.
Kuckeswäert Gebaier sinn de Beffroi, d'Stadhaus, d'Collégiale Sainte-Waudru a la Parfaite Union, déi éischt Fräimaurerloge an Europa.
2015 war Mons Europäesch Kulturhaaptstad (zesumme mat Plzeň).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Waudru vu Mons
- Grand Large, Yachthafe vu Mons
- De Mundaneum, op N°2 rue de la Réunion.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mons – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Stadhaus op der Grand'place, hannen de Beffroi.
-
Wärend der Ducasse: Den Draach Lumeçon.
-
D'Collégiale Sainte-Waudru an de Beffroi.
| |||
Ciply · Cuesmes · Flénu · Ghlin · Harmignies · Harveng · Havré · Hyon · Jemappes · Maisières · Mesvin · Mons · Nimy · Nouvelles · Obourg · Saint-Denis · Saint-Symphorien · Spiennes · Villers-Saint-Ghislain |