Mozilla Firefox

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Firefox-logo.png  Mozilla Firefox
FirefoxScreenshot.png
Entwéckler: Mozilla Foundation
Lescht Versioun: 3.6.3 (1. Abrëll 2010)
Betribssystem: Linux, Mac Os X, Windows
Kategorie: Webbrowser
Lizenz:
Websäit: www.mozilla.com/firefox
Screenshot vum Mozilla Firefox

De Mozilla Firefox ass en Open Source Browser fir um Internet ze surfen. De Programm baséiert op Gecko, e Module fir d'generéiere vun enger Internetsäit, op deem och schonns den Netscape Navigator baséiert war.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Am Joer 2002 hunn d'Entwéckler vu Mozilla decidéiert och eng verklengert Versioun vum Mozilla-Browser ze programméieren. Am Géigesaz zu dëser, besteet de Firefox just aus engem Browser. Sämtlech aner Funktionalitéiten, wéi integréiert e-mail Software goufen ewech gelooss.

Am Dezember 2006 ass déi zweet Versioun vun dësem Programm erauskomm. D'Versioun 3.0 ass am Juni 2008 erauskomm an d'Versioun 3.5 war am Juni 2009 fäerdeg.

[änneren] Den 2te Browser-Krich

Nodeems Microsoft mat sengem Internet Explorer sech géint den Netscape Navigator duerchsetze konnt an eng Monopolstellung ageholl huet, gouf dëse Programm praktescht net méi erneiert.

Aner Software, wéi de Mozilla oder Opera, hu lues a lues nei Saachen agefouert. Déi am meeschte bekannten Neierung ass wahrscheinlech tabbed browsing. Während dës alternativ Browseren awer keen nennenswäerte Succés haten, konnt de Firefox selwer, no verschidden Estimatiounen, bis zu 20 Prozent vum Maart anhuelen. An Europa ass de Browser weesentlech méi am Gebrauch wéi an Amerika.

Nom Succès vum Firefox, huet Microsoft reagéiert. Mat der Versioun 7, huet dem Bill Gates seng Firma déi Neierungen integréiert déi aner Browser schonns zanter laangem ubidden. En plus wierkt déi nei Versioun éischter wéi eng Kopie vum Firefox. Dës nei Versioun ass net méi op déi selwecht Manéier am Windows integréiert. Doduerch gëtt de ganze System méi sécher.

Bäi Sécherheetsproblemer brauch Microsoft generell e puer Deeg fir kritesch Problemer ze behiwwen, während dëst bei Mozilla dacks nëmmen e puer Stonnen dauert.

[änneren] Mozilla Thunderbird

Nom Succés vum Firefox, huet Mozilla och decidéiert en eegestännegen E-mail Client, de Thunderbird z'offréieren.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Mozilla Firefox – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen