Nei Welt

Vu Wikipedia
D'Kaart vun der Neier Welt Carte d'Amérique vum Guillaume Delisle ëm 1774

Nei Welt ass eng historesch europäesch Bezeechnung fir dat neit Land Amerika dat de Christoph Kolumbus 1492 am Optrag vun der spuenescher Kinnekskoppel entdeckt hat.

De Kolumbus huet bis zu sengem Doud am Joer 1506 gegleeft, datt hien um Globus mat senger Faart a Richtung Westen Inselen an Deeler vun Asien entdeckt hätt, dat deemools als Sammelbegrëff Indien genannt gouf. Dofir hunn d'Spuenier Amerika bis an dat 18. Joerhonnert eran Las Indias genannt. Fir d'Gebitt vu Mëttelamerika an d'karibesch Inselen hat sech den Numm Westindien bis an dat 19. Joerhonnert gehalen. D'Iwwerzeegung vun e puer Geographen an Entdecker, dorënner den Amerigo Vespucci am Joer 1500, datt en „Neie Kontinent“ entdeckt gouf, huet sech allerdéngs kuerz drop als wouer erwisen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hermann Schreiber: Die neue Welt – Die Geschichte der Entdeckung Amerikas. Casimir Katz Verlag, Gernsbach 2005, ISBN 3-938047-06-2