Neue Nationalgalerie

Vu Wikipedia
Neue Nationalgalerie
Land Däitschland
Koordinaten 52°30'25"N, 13°22'4"O
Statut Monument
Datum vum Bau 1968
Vue vun uewen

D'Neue Nationalgalerie um Kulturforum Berlin ass e Musée fir Konscht aus dem 20. Joerhonnert, deen zu der Berliner Nationalgalerie gehéiert. E gouf tëscht 1965 an 1968 no Pläng vum Ludwig Mies van der Rohe gebaut.

Et ass dat eenzegt Bauwierk, dat de Mies van der Rohe nom Zweete Weltkrich an Däitschland realiséiert huet. Et handelt sech ëm e quadratesche Pavillon aus Stol a Glas, deen op enger 105 × 110 Meter grousser Terrass aus Granit steet. Um Pavillon ass en Daach vu 64,8 Meter Säitelängt, deen eppes iwwer 7 Meter no alle Säiten iwwer d'Fassad eraussteet. E läit op aacht Stäiler, zwéi pro Eck, sou dass doduerch eng grouss Hal ouni Stäipen entstoung, an där Wiesselausstellungen ofgehale ginn. Am Sous-sol, deen iwwer zwou Trapen zougänglech ass, ass Plaz fir eng permanent Ausstellung. Op der Westsäit vum Gebai ass e Skulpturepark.

An der Neue Nationalgalerie sinn d'Bestänn vun de Staatliche Museen zu Berlin aus de Beräicher Molerei, Skulptur a Plastik aus dem 20. Joerhonnert, bis an d'1960er Joren.

2015 bis 2020 war se zou, fir am Fong restautréiert ze ginn. Bis 2026 sollen Aarbechte fäerdeg sinn, d'Neue Nationalgalerie ënnerierdesch mam Museum des 20. Jahrhunderts niewendrun ze verbannen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter-Klaus Schuster (Hrsg.): Die Nationalgalerie. DuMont, Köln 2001, ISBN 3-8321-7004-9.
  • Gabriela Wachter (Hrsg.): Mies van der Rohes Neue Nationalgalerie in Berlin. Vice-Versa-Verlag, Berlin 1995, ISBN 3-9803212-2-3.
  • Rolf D. Weisse: Mies van der Rohe. Vision und Realität – von der Concert Hall zur Neuen Nationalgalerie. Entwicklung einer Idee. Strauss, Potsdam 2001, ISBN 3-929748-12-6.
  • Joachim Jäger: Neue Nationalgalerie Berlin – Mies van der Rohe. Hatje Cantz Verlag, Staatliche Museen zu Berlin, Ostfildern 2011, ISBN 978-3-7757-3144-7.
  • Constanze von Marlin (Hg.) und Joachim Jäger (Hg.): Neue Nationalgalerie. Deutscher Kunstverlag; Berlin / München 2021, ISBN 978-3-422-98651-0 (deutsch).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Neue Nationalgalerie – Biller, Videoen oder Audiodateien