Nico Reisdorff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nico Reisdorff, gebuer de 16. Oktober 1958 war an der sougenannter Waldbëlleger Affär ee vun den Haaptschëllegen.
Hie gouf den 8. Mee 1989 zu liewenslaangem Prisong veruurteelt, wéinst Muerd a Bäihëllef zum Muerd, Vergewaltigung an aner Saachen. Zu Schraasseg souz de Reisdorff 48 Méint an enger Isolationszell, wat Amnesty International dozou bruecht huet, fir 1992 de Justizminister unzeschreiwen, datt déi Zoustänn géint d'Mënscherechtscharta verstoussen.
Hien huet am Prisong eng Léier fir Buchbënner gemaach.
Zënterhier schreift de Reisdorff seng Autobiographie, eng Liewensbeicht an där hien op e Liewen zréckkuckt, dat vum Givenech bis an de Schraasseger Prisong gefouert huet.
- Erziehung zum Wahnsinn, 2001
- Lebenslänglich, 2007, Editions Revue
[änneren] Zitat
- Der Reiche ist jeden Tag gut und kümmert sich einen Dreck um den Armen. Der Reiche erleichtert sein Gewissen indem er sich beim Roten Kreuz engagiert. Eine kleine Spende und man hat sein Gewissen etwas erleichtert.[1]