Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow
Ausgesinn
Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow | |
---|---|
Gebuer |
6. Mäerz 1844 jul. Tichwin |
Gestuerwen |
21. Juni 1908 Ljubensk |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich |
Educatioun | Kadetteschoul vun der Marine |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Musikolog, Autobiograph, Musekspedagog, Musekstheoretiker, Universitéitsprofesser, Militär, Librettist |
Famill | |
Bestuet mat | Nadeschda Rimskaja-Korsakowa |
Geschwëster | Voin Rimsky-Korsakov |
Kanner | Andrej Rimskij-Korsakov, Michail Nikolaevic Rimsky-Korsakov |
Den Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow (ru.: Никола́й Андре́евич Ри́мский-Ко́рсаков), gebuer de 6. Mäerzjul./ 18. Mäerz 1844greg. zu Tichwin bei Sankt Péitersbuerg, a gestuerwen den 8. Junijul./ 21. Juni 1908greg. op Ljubensk bei Luga, war e russesche Komponist.
Hie war vun 1871 bis 1874 Professer fir Instrumentatioun a Kompositioun um Sankt Péitersbuerger Conservatoire, du bis 1881 Direkter vun der Fräischul fir Musek an huet och als Dirigent a Pedagog geschafft.
Säi Kompositiounsstil war vum Glinka a Balakirew, Berlioz a Liszt beaflosst.
Hien huet 15 Opere geschaaft, divers Orchesterwierker, déi meeschtens zu der Programmmusek gezielt ginn, ma och Chouerwierker, Kammer- a Pianosmusek, Lieder, Transkriptiounen an Orchestréierungen.
Operen
[änneren | Quelltext änneren]- Pskowitjanka (D'Meedche vu Pskow) (1868–72, UA 1873)
- Bojarynja Wera Scheloga (D'Bojarin Wera Scheloga) (1877–78, UA 1898)
- Maiskaja notsch (Meenuecht) (1878–79, UA 1880)
- Snegurotschka (Schnéifläckelchen) (1880–81, UA 1882)
- Mlada (1889–90, UA 1892)
- Notsch pered Rojdestwom (D'Nuecht viru Chrëschtdag) (1894–95, UA 1895)
- Sadko (1895–96, UA 1898)
- Mozart i Saljeri (De Mozart an de Salieri) (1897, UA 1898)
- Zarskaja newesta (Dem Zar seng Braut) (1898, UA 1899)
- Skaska o zare Saltane (D'Märche vum Zar Saltan) (1899–1900, UA 1900 – dodra säi wuel bekanntst Wierk: "De Fluch vun der Bommel")
- Serwilja (Servilia) (1900–01, UA 1902)
- Kaschtschei Bessmertny (Den Onstierfleche Kaschtschei) (1901–02, UA 1902)
- Pan Wojewoda (1902–03, UA 1904)
- Skasanije o newidimom grade Kiteje i dewe Fewronii (D'Legend vun der onsiichtbarer Stad Kitej an der Joffer Fewronija) (1903–04, UA 1907)
- Solotoi petuschok (De gëllenen Hunn) (1906–07, UA 1909)
Sinfonien
[änneren | Quelltext änneren]- Sinfonie Nr. 1 es-Moll op. 1 (1861–65/1884)
- Sinfonie Nr. 2 op. 9 Antar (1868/75/97)
- Sinfonie Nr. 3 a-Moll + C-Dur (1866-73/1886/1899/1904–1906)
Soss Orchesterwierker
[änneren | Quelltext änneren]- Ouverture iwwer russesch Theemen op. 28 (1866/1879–80)
- Fantasie iwwer serbesch Theemen op. 6 (1867/1886–87)
- Sadko op. 5 (1867/69/92)
- Orchestréierung vun 2 Sätz aus dem Pianoszyklus Biller aus enger Ausstellung vum Modest Mussorgski (1874)
- Concert a Si majeur fir Trombonn a Blosorchester (Allegro vivace – Andante cantabile – Allegro) (1877–1878)
- Concertstéck a Mi bémol majeur fir Klarinett a Blosorchester (Allegro moderato – Andante – Allegro moderato) (1878)
- Variatiounen a Sol mineur fir Hautbois a Blosorchester op en Theema vum Michail Glinka „Chto krasotka molodaya“ (Theema, 12 Variatiounen a Finale) (1878)
- Skazka (Märchen) op. 29 (1879–80)
- Sinfonietta iwwer russesch Theemen La mineur op. 31 (1880–84)
- Pianosconcert an Do bémol mineur op. 30 (1882–83)
- Fantasie iwwer zwéi russesch Theeme fir Gei an Orchester op. 33 (1886–87)
- Kapritschtschio na ispanskije temi (Capriccio espagnol) op. 34 (1887)
- Scheherazade. Sinfonesch Suite op. 35 (1888)
- Svetliy prazdnik (Russesch Ouschteren). Ouverture op. 36 (1888)
- Serenade fir Cello an Orchester op. 37 (1903)
- Nad mogiloy (Beim Graf) op. 61 (1904)
- Dubinuschka op. 62 (1905)
Kammermusek
[änneren | Quelltext änneren]- Sträichquartett a Fa majeur op. 12 (1875)
- Sträichsextett a La majeur (1876)
- Quintett a Si majeur fir Flütt, Klarinett, Cor, Fagott a Piano (1876)
- Sträichquartett iwwer russesch Theemen (1878–79; 1.–3. Saz gouf zu der Sinfonietta op. 31 verschafft)
- Sträichquartett Sol majeur (1897)
- Pianotrio Do mineur (1897)
Musektheoreetescht Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Nikolai Rimsky-Korsakow: (de: "Harmonielehre"; en: "Principles of orchestration")
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Nikolai Rimsky-Korsakow: Chronik meines musikalischen Lebens. Reclam, Leipzig 1968.
- Sigrid Neef: Die Russischen Fünf: Balakirew – Borodin – Cui – Mussorgski – Rimski-Korsakow. Monographien – Dokumente – Briefe – Programme - Werke. Verlag Ernst Kuhn. Berlin 1992, ISBN 3-928864-04-1.
- Ernst Kuhn (Hrsg.): Nikolai Rimsky-Korsakow, Zugänge zu Leben und Werk. Monographien – Schriften – Tagebücher – Verzeichnisse. Kuhn, Berlin 2000, ISBN 3-928864-15-7.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nikolai Rimsky-Korsakov – Biller, Videoen oder Audiodateien |