Oktav-Mäertchen

Vu Wikipedia
De Mäertchen um Knuedler (2018)

De Mäertchen oder Oktav-Mäertchen ass e Joermaart vu 16 Deeg, deen all Joer wärend der Muttergottesoktav an der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Am Ufank war de Mäertche geduecht, fir datt jiddwereen, dee gepilgert ass, sech do no der Rees stäerken konnt an och an deem Ament an der Stad akafen konnt. Vill Leit koumen nämlech nëmmen eemol am Joer bis an d'Stad an dat war fir bei d'Tréischterin am Leed ze pilgeren.

Geschichtlech Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Joer 1625 gouf et um Glacis, an der Géigend vun der Neipuertskapell e Mäertchen, op deem d'Pilger Hellegebiller, Medailen oder soss Devotionalië kafe konnte fir mat heem ze huelen. Am Joer 1639 gouf dee Mäertchen an d'Géigend vun der Jesuittekierch, der haiteger Kathedral, verluecht. Iwwer d'Joren huet deen Devotionaliemaart sech zu engem Volleksmaart entwéckelt.

Wéi de Knuedler an de Joren 1830-1833 zu enger Maartplaz nei ëmgebaut gouf, war dat och eng ideal Plaz fir den Oktav-Mäertchen. Vun 1842 un, ënner dem Apostoulesche Vikar Jean-Théodore Laurent, erlieft d'Muttergottesoktav, no enger Zäit vu politeschen Onrouen (bedéngt duerch déi Franséisch a Belsch Revolutiounen) e neien Opschwong an domat och den Oktav-Mäertchen. Den Handel mat Devotionalie fënnt am 19. Joerhonnert en Héichpunkt.

Nieft dem Knuedler gouf zënter 20?? och en zweeten Deel vum Mäertche bei der Gëlle Fra organiséiert. Fir d'Editioun 2024 huet d'Stater Gemeng dunn ugekënnegt, datt de Mäertche just nach bei der Gëlle Fra géif ofgehale géif, ë. a. fir datt de Wochemaart weiderhin um Knuedler organiséiert ka ginn[1].

Haut sinn eng ronn 80 verschidde Stänn um Mäertche vertrueden an et sti méi Fritten-, Spill- an aner Buden do, wéi richteg Maartleit. Net all Visiteure sinn och Pilger. An dach bleift de Mäertchen enk mat der Oktav verbonnen.

Editioun 2020 ausgefall[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ausbroch vun der Otemweeërkrankheet COVID-19 an der weltwäiter COVID-19-Pandemie konnt de Mäertchen, dee vum 2. bis de 17. Mee 2020 virgesi war, net ofgehale ginn[2].

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Gantenbein Michèle, Den Oktavmäertchen um Knuedeler, in: Luxemburger Wort, 3. Mee 2010, S. 29

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oktavmäertchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (lb)Um CityBreakfast: Kontrakt mat Sécherheetsfirma gëtt net verlängert, sou d'Lydie Polfer. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-22.
  2. La Ville - Coronavirus COVID-19 - Annulations op vdl.lu, gekuckt den 1. Abrëll 2020