Optioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Optioun kënnt vum laténgeschen optio (d'Recht ze wënschen).

Am Finanzsecteur ass eng Optioun e Recht dat op enger Bourse gehandelt gëtt. De Präis, deen de Keefer vun enger Optioun bezuelt, gëtt eng Prime genannt. Duerch déi Prime kritt de Besëtzer d'Recht vum Verkeefer, an engem festgeluechten Zäitraum, eng bestëmmt Zuel vun Aktien oder enger anerer Wuer, zu engem fixéierte Basispräis ofzekafen oder ze verkafen. De Verkeefer huet d'Flicht dat Recht z'erfëllen. D'Optioune ginn op spezialiséierten Optioun- an Termäinboursen kotéiert. Déi bekanntst an Amerika ass d'CBOE (Chicago Board Options Exchange) , an Europa ass et d'Eurex . Ass d'Recht nom Verfallsdatum net ausgeübt ginn, huet d'Optioun kee Wäert méi.

Déi verschidden Zorten[änneren | Quelltext änneren]

Eng Kafsoptioun gëtt “Call” genannt. ( to call = ofruffen )

Eng Verkafsoptioun heescht “Put”. ( to put away = ofginn )

Amerikanesch an europäesch Optiounen ënnerscheede sech duerch den Zäitpunkt, wou de Besëtzer säi Recht kann ausüben. Bei der amerikanescher ass dat während der ganzer Period, bei der europäescher nëmmen um Verfallsdatum.

Optioune lafen iwwer Wuere wéi Aktien, Obligatioune, Wäertpabeierkierf (baskets), Währungen, Aktien- a Réistoffindexen, Edelmetaller, Réistoffer….

Handelstrategien[änneren | Quelltext änneren]

D'Optioune ginn vun Investisseuren aus verschiddene Grënn gehandelt. Fir verschiddener ass et eng Méiglechkeet ze spekuléiere a vir aner hire Portefeuille ofzesécheren.

Bei enger Kafoptioun[änneren | Quelltext änneren]

am Fall vum Keefer Long Call an am Fall vum Verkeefer Short Call genannt.

De Keefer wett drop datt d'Wuer, déi der Optioun ënnerläit, an der Zukunft u Wäert zouhëlt. Läit hie richteg dann ass säi Gewënn d'Differenz tëscht dem Basispräis an dem Cours op der Bourse. Entweder freet hien d'Liwwerung vun der Wuer vum Verkeefer zum ofgemaachtene Präis a verkeeft si zu dem méi deiere Präis op der Bourse oder hie verkeeft einfach déi am Wäert eropgaangen Optioun op der Bourse. Hëlt de Wäert vun der Wuer awer of oder variéiert hie net, riskéiert hien de ganzen Akafspräis komplett ze verléieren. Säi Risiko ass also op den Akafspräis an op déi verbonne Käschte limitéiert.

De Verkeefer setzt drop datt de Präis vun der Wuer stagnéiert oder fält . Hien hofft domat seng Wuer ze behalen a gläichzäiteg säi Wäertpabeierdépot duerch d'akkasséiere vun der Prime ze rentabliséieren. Klëmmt de Präis awer, dann ass hie verflicht d'Wuer zum ofgemaachten niddrege Präis ze liwweren. Säi Verloscht ass d'Differenz zum méi héije Präis vun der Bourse plus d'Käschten. Säi Verloschtrisiko ass domat onbegrenzt. Fir engem ze grousse Verloscht z'entgoen, kann hie sengersäits eng Kafoptioun mat de selwechte Characteristike kafen.

Bei enger Verkafoptioun[änneren | Quelltext änneren]

am Fall vum Keefer Long Put , an am Fall vum Verkeefer Short Put genannt.

De Keefer wett, datt d'Wuer déi der Optioun ënnerläit an Zukunft u Wäert verléiert. Hie huet dann d'Recht vum Verkeefer ze verlaangen, datt hien him d'Wuer zum ofgemaachte méi héije Präis ofkeeft. Fir säi Gewënn ze kasséiere geet hien d'Wuer zum niddereche Präis akafen an de Boni ass d'Differenz oder méi einfach hie verkeeft seng Optioun déi am Wäert zougeholl huet op der Bourse.

De Verkeefer ass der Meenung, datt de Präis vun der Wuer klëmmt. Hien huet d'Flicht op Demande hi vum Keefer, d'Wuer, zum an der Optioun fixéierte Präis, ofzekafen. Bei méi nidderegem Boursepräis vun der Wuer ass säi Verloscht bal onbegrenzt. Fir seng Perte ze begrenzen huet hien d'Méiglechkeet eng ähnlech Verkafsoptioun op d'Bourse kafen ze goen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]