Paräisser Kanounen
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Paräisser Kanounen (canons de Paris) ass den Numm dee verschidden Artillerie-Geschëtzer am Zweete Weltkrich kruten. Et ware Kanoune mat engem groussen Aktiounsradius, mat deenen déi däitsch Arméi Paräis bombardéiert huet. Am Géigesaz zur allgemenger Meenung waren et déi Geschëtzer, déi mat hire Granaten déi franséisch Haaptstad beschoss hunn an net d'Déck Bertha, wéi et villfach geheescht huet.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Kennzeechen
- Numm : Ferngeschütz (canon à longue portée), Paräisser Kanounen (canons de Paris)
- Längt vum Rouer: 34 bis 36 m.
- Kaliber: 210 mm an 240 mm (De Rouer war no 65 Schëss verbraucht)
- Maximal Distanz: 108 km (130 km no gewësse Quellen)
- Gewiicht: 750 Tonnen (mat der Schéissplattform)
- Gewiicht vun der Granat: 103 kg
- Explosiounsstoff: 145 kg
- Maximal Initialvitesse: 1600 m/s
[änneren] Geschicht
Den 23. Mäerz 1918, ass e Geschoss matten a Paräis, op der Place de la République, explodéiert, vu deem keen wousst wou et hir kéim. No deem Aschlag, sinn der nach ongeféier 20 deselwechten Dag zu Paräis explodéiert. Et huet sech dunn erausgestallt, datt déi däitsch Arméi déi Granate mat enger Batterie vun zwou Kanounen vun engem risegen Wierkungsradius ofgeschoss hat. Si waren am Bësch vu Saint-Gobain bei Coucy-le-Château opgestallt. Haut ass nach déi grouss Betonsplattform, op déi d'Kanoune gestallt goufen, ze gesinn.
De Bombardement vu Paräis huet du bis August 1918 gedauert, an d'Positioun vun de Geschëtzer gouf e puermol gewiesselt. Am Ganzen hu se 367 Granaten ofgeschoss, 351 dovun op Paräis: 256 Persounen si dobäi ëmkomm (91 alleng an der Kierch Saint Gervais den 29. Mäerz 1918), 620 anerer si blesséiert ginn. [1]
[änneren] Referenzen
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Paräiser Kanounen – Biller, Videoen oder Audiodateien |