Parasaurolophus

Vu Wikipedia
Parasaurolophus
Parasaurolophus walkeri

Parasaurolophus walkeri
Parasaurolophus walkeri
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Iwweruerdnung: Dinosaurier
Uerdnung: Vullebeckesaurier
Ënneruerdnung: Ornithopoda
Famill: Inteschniewelsaurier
Gattung: Parasaurolophus
Wëssenschaftlechen Numm
Parasaurolophus
Parks 1922
Aart

P. walkeri
P. tubicen
P. cyrtocristatus


Parasaurolophus ass eng Dinosauriergattung aus der Uerdnung vun de Vullebeckesaurier (Ornithischia).

D'Gattung Parasaurolophus huet am Zäitalter vun der Ieweschter Kräid (Geologie), méi genee am Maastrichtium a Campanium, viru 76 - 65 Millioune Joer, gelieft.

En hat e Gewiicht vu 4 Tonnen a war 4 m héich an 10 m laang. Et war en Inteschniewelsaurier (Hadrosauridae) mat bis zu engem 1,80 m laange Schankekamp um Kapp an engem héich ugesate Schwanz. Et war e Planzefrësser.

Fonntplaze vu Fossilie sinn Alberta (Kanada); New Mexico an Utah (USA).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parasaurolophus – Biller, Videoen oder Audiodateien