Passerelle Saucy

Vu Wikipedia
Passerell Saucy vu flossop gesinn. Hannen am Bild de Pont des Arches, a lénks uewen den Hôpital de la Bastille.

D'Passerelle Saucy, och nach Passerelle de la Régence genannt ass eng Foussgänger- a Cyclistebréck zu Léck iwwer d'Meuse. Si verbënnt de Boulevard de Saucy um rietsen Uwänner mat der Rue de la Régence um lénksen. Um rietsen Uwänner féiert se ausserdeem iwwer den Uschloss vum Quai Edouard van Beneden mat dem Quai de Gaulle, an um lénksen Uwänner iwwer de Quai Roosevelt.

Lénkse Flosspilier

Et ass déi zweet Bréck op där Plaz. Déi Éischt gouf tëscht 1877 an 1880 opgeriicht, an hat zwee Felder déi 52 m laang waren a 5,80 m breet. Déi Bréck gouf am Mee 1940 zerstéiert.

Déi haiteg Bréck ass eng stole Konstruktioun, si ass als Fachwierk am Ausleeërprinzip (Cantilever) gebaut. D'Bréck déi nom Zweete Weltkrich erëm frësch opgeriicht gouf ass 1949 a Betrib gaangen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]