Paul Tafel (Architekt)

Vu Wikipedia
Paul Tafel
Gebuer 1875
Gestuerwen 20. Joerhonnert
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Architekt

De Paul Tafel, gebuer ëm 1875, gestuerwen no 1950, war en däitschen Architekt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Et ass näischt driwwer bekannt, wou de Paul Tafel hierkënnt, a wat fir eng Ausbildung en hat. Ëm 1903 sinn zu an ëm Sorau an der Niederlausitz an zu Sagan déi éischt Wunn-, Geschäfts- a Fabrécksgebaier no Pläng vun him a vum Architekt Bernutz gebaut ginn. Ëm 1910 ass den Tafel, vläicht iwwer Köln-Kalk, op Duisburg geplënnert, wou en Aarbechtercitéen an Appartementshaiser fir Baukooperativen a Privatleit ausgefouert huet.

Tëschent 1911 und 1914 huet hien sur place d'Gebaier vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG (GBAG) zu Esch-Uelzecht an niewendrun am loutrengeschen Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche) entworf an ausféiere gelooss, besonnesch d'Wunn- an déi kënschtlerech usprochsvoll Administratiounsgebaier am Zesummenhank mam Bau vun der Adolf-Emil-Hütte, dono och ëmmer méi d'Gebaier vun der Schmelz a Biergbaugesellschaft St. Michel zu Däitsch-Oth, déi och der GBAG gehéiert hunn. Doduerch krut hien Unerkennung a Fachzäitschrëften.

1914 ass den Tafel hannescht an d'Lausitz op Görlitz gaangen, a konnt 1918 zu Lauchhammer nogewise ginn.

Zulescht war hien ongeféier tëscht 1925 an 1950 zu München aktiv.

Gebaier (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • virun 1903: Hotel Deutscher Krug zu Sorau (Bernutz & Tafel)
  • virun 1903: Plantagenhaus Pietsch mat Fruuchtkellerei zuSorau
  • virun 1903: Duebelwunnhaus zu Goebersdorf / Gerbersdorf
  • virun 1904: Restaurant an Auberge Schaller zu Wiesau bei Sagan
  • virun 1904: Villa vum August Bullmann zu Sagan
  • virun 1904: Wunnhaus vum Fabréckbesëtzer August Bullmann zu Sagan
  • 1905: Wunn- a Geschäftshaus zu Sorau, Markt / Rynek 10 (erhalen)
  • 1910?: Wunnhaus fir de Beamtenwohnungsverein / Baugenossenschaft Duisburg zu Duisburg
  • 1911: Aarbechterkolonie an Eefamilljenhaiser fir d' Baugenossenschaft Duisburg zu Duisburg
  • virun 1912: Appartementshaiser fir de Beamten-Wohnungsverein Duisburg zu Duisburg, Antonienstraße 40+42 (erhalen)
  • virun 1912: Appartementshaiser fir d'Baugenossenschaft Duisburg zuDuisburg, Falkstraße
  • 1911: Kolonie „Op der Uecht“ zu Esch-Uelzecht (haiteg Stroossennimm:) Rue Leon Weirich / Rue Aloyse Kayser / Rue des Martyrs / Rue Victor Hugo (erhalen)
  • 1911: Cité Welter an der Eilerengerstrooss zu Esch-Uelzecht (Rue Dr. Michel Welter / Rue de l’acier (erhalen)
  • 1912: Kasino fir d'GBAG zu Esch-Uelzecht, Avenue des Terres-Rouges (haut Conservatoire Esch-Uelzecht [1]
  • 1912: Administratiounsgebai vun der GBAG zu Esch-Uelzecht, Avenue des Terres-Rouges (vun 2024 u Sëtz vun den Escher Stadarchiven; erhalen)
  • 1912: Beamtewunnenge fir d'GBAG zu Esch-Uelzecht, Avenue des Terres-Rouges (erhalen)
  • 1912: Haaptentrée fir d'Adolf-Emil-Hütte zu Esch, Rue Henry Bessemer (erhalten)
  • 1912: Betriebsgebai fir d’Héichiewe vun der Adolf-Emil-Hütte um Belval (haiteg Adress: 1, Avenue du Rock'n'Roll; haut Sëtz vun Agora, erhalen)
  • 1913?: Wunnhaiser fir d'GBAG zu Esch-Uelzecht, 16 ff., Rue Barbourg (erhalen)
  • virun 1913: Grupp vu Wunnhaiser fir d'Beamten-Wohnungsgenossenschaft Duisburg zu Duisburg, Immendal 51+51a (erhalen)
  • virun 1913: Gebaier vun der Möbelfabrik Heinze & Co. in Priebus (Schlesien)
  • virun 1913: Aarbechterkolonie zu Beetebuerg
  • virun 1913: Gebai fir d’Minettesgrouf St. Michel zu Däitsch-Oth Audun-le-Tiche
  • virun 1914: Konsumverein-Epicerie bei der Schmelz vun Däitsch-Oth, 1, Rue Gambetta (erhalen)
  • virun 1915: Duebelwunnhaiser fir Ingenieure vun der Adolf-Emil-Hütte zu Esch-Uelzecht, rue Henry Bessemer (erhalen)
  • virun 1916: Haapteintrée vun der Other Schmelz
  • virun 1917: Meeschterhaiqser vun der Other Schmelz, 1ff, Rue Guynemer (erhalen)
  • virun 1918: Appartementshaus zu Lauchhammer
  • 1927–1929: Wunnhaus zu München, Nibelungenstraße 74a
  • no 1936: Ëmbau vun engem Geschäftslokal, München-Laim, Fürstenrieder Straße
  • 1937: Cité vun der Heimstätten AG zu München-Harlaching, Stresemannstraße, Friedrich-Ebert-Straße, Vollmarstraße; mam L. Zindner, Ludwig Weckbecker, Hans Noe, Kurt Bauer; erhalen)[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Antoinette Lorang: Der Werkswohnungsbau der Gelsenkirchener Bergwerks-AG in Esch/Alzette (Luxemburg) und die Rolle deutscher Architekturleitbilder von 1870 bis etwa 1930. In: Rainer Hudemann (Hrsg.): Stadtentwicklung im deutsch-französisch-luxemburgischen Grenzraum (19. und 20. Jh.). Saarbrücken 1991, S. 59–88.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Conservatoire de Musique Esch-sur-Alzette – Inauguration 93. Festschrift, Esch-sur-Alzette 1993
  2. Winfried Nerdinger, Katharina Blohm (Hrsg.): Bauen im Nationalsozialismus. Bayern 1933-1945. Klinkhardt & Biermann, München 1993, ISBN 3-78140360-2, S. 286. (snippet-Ansicht bei Google Bücher)

Source[änneren | Quelltext änneren]

Iwwersat vum Artikel de:Paul Tafel (Architekt) an der Versioun vun 2024-02-16.