Peugeot 203

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Peugeot 203 aus dem Tour de France 1954

De Peugeot 203 gouf tëscht 1948 an 1960 mat iwwer 685 000 Exemplaire vum franséischen Autoskonstrukteur Peugeot zu Sochaux gebaut. Et war den éischten neientwéckelte Modell vu Peugeot no dem Zweete Weltkrich, a vun 1949 bis 1954 war et den eenzege Modell dee Peugeot verkaaft huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1941 huet Peugeot mat enger Etüd vum zukënftege Modell 203 ugefaangen, ënner schwéiere Bedingungen, well d'Wehrmacht d'Wierk ënner Beschlag hat. Peugeot huet an deem Wierk missen Arméismaterial fir d'Besatzungsmuecht produzéieren, an dat war dofir een Haaptugrëffszil vun den alliéierte Lancaster-Bomberen. Wéi d'Besatzer sech um Enn vum Krich hu missen zréckzéien hunn se eng Parti vun de Maschinne geklaut, an an Däitschland transportéiert, an dat Geschir dat se net gezoppt haten, hu se schwéier beschiedegt stoe gelooss.

Am Oktober 1948 ass den neien Auto um "Mondial" zu Pareis virgestallt ginn. Den 203 huet den 202 ofgeleist, de vill ze vill al war am Verglach mat der Konkurrenz. Iwrigens ass den Citroën 2 CV och do virgestallt ginn.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

Den 203 war e ganz modernen Auto ann senger Zäit villeicht esoguer am viraus. En hat eng modern Karrosserie, déi éischt Karrosserie vu Peugeot, déi sech selwer gedroen huet, an eng Technik déi fir déi Zäit net gewinnt war.

De Motor war "nëmmen" een 1290 ccm, an enger Zäit an där d'Konkurrenz haaptsächlech déck Motoren agebaut huet.

Den 203 ass am Ufank net extra gutt bei de Leit ukomm, me huet ganz séier e gudden Numm kritt well et en zouverléissegen Auto war.

Seng Konkurrente waren deemools d' Citroën 11, an d' Simca 8.

Modeller[änneren | Quelltext änneren]

Et si verschidde Modeller vum 203 ugebuede ginn:

  • 1949 den "Découvrable"
  • 1951 de "Cabriolet" mat engem Intérieur aus Lieder!
  • 1950 d' " Familiale " an d' " Commerciale "
  • 1952 de "Coupé" deen am Ganzen nëmmen 1000-mol gebaut gouf.

Seng Karosserie ass bal net geännert ginn a senger "Carrière", d. h. bis Februar 1960.

1954 huet Peugeot 13 Spezial-Modeller fir den Tour de France gebaut.

D'Produktioun vum 203 war de 26. Februar 1960 owes um 10 Auer eriwwer, de leschte war de Modell mam der Chassisnummer 1 908 056.

Stéckzuelen no Joren[änneren | Quelltext änneren]

  • 1949 - 13 325
  • 1950 - 40 908
  • 1951 - 48 278
  • 1952 - 53 469
  • 1953 - 57 378
  • 1954 - 61 606
  • 1955 - 68 894
  • 1956 - 38 176
  • 1957 - 29 624
  • 1958 - 23 589
  • 1959 - 18 019
  • 1960 - 2728

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Link Site Peugeot 203

Commons: Peugeot 203 – Biller, Videoen oder Audiodateien