Philippe II. vun der Bourgogne

Vu Wikipedia
Philippe II.
Philippe de Kéngen
Titelen
Biographie
Gebuer 17. Januar 1342 jul.
Pontoise
Gestuerwen 27. Abrëll 1404 jul.
Halle
Bestuet mat Marguerite III.
Papp Jang de Gudden
Mamm Bonne vu Lëtzebuerg
Geschwëster Charles V. vu Frankräich
Kanner Antoine vu Brabant, Jean sans Peur
Den Herrschaftsterritoire vum Haus Bourgogne ënner dem Philippe II.

De Philippe II. vun der Bourgogne, genannt de Kéngen (fr. Philippe le Hardi), gebuer de 15. Januar 1342 zu Pontoise a gestuerwen de 27. Abrëll 1404 zu Halle am Herzogtum Brabant, war Herzog vun der Bourgogne. Hie war de véierte Jong vum franséische Kinnek Jean de Gudden aus dem Haus Valois an der Bonne vu Lëtzebuerg. Als Herzog vun der Bourgogne huet hien d'Haus Bourgogne als Säitebranche vun de Valois gegrënnt.

1363 krut hien d'Herzogtum Bourgogne vu sengem Papp geschenkt, deemno als donation pleine et entière iwwerdroen[1], an net, wéi spéider vum Louis XI., net ouni Hannergedanke behaapt, als "Apanage" déi net vun enger Fra konnt geierft ginn. E klengen Deel vum Herzogtum louch iwwregens hannert der Grenz tëscht Frankräich an dem Hellege Réimesche Räich.

Duerch säi Bestietnes 1369 mat der Marguerite de Maele, Ierwin vun de Grofschafte Flandern, Artois a Franche-Comté, huet en d'Basis vun engem gréisseren territorialen Ensembel geluecht, dee schliisslech vum Mâconnais am Süde bis a Friesland am Norde gereecht huet, dat souwuel op Käschte vu Frankräich wéi zum Nodeel vum Réimesche Räich Däitscher Natioun.

1385 konnt hie mat de flämesche Stied Gent, Bruges an Ypern, déi sech net ënnerwerfe wollten, Fridde schléissen. Dat selwecht Joer huet hien zu Cambrai säin eelste Jong Jean mat der Margarete vu Bayern bestuet, a gläichzäiteg seng eegen Duechter Margarete mat hirem Brudder Wilhelm II, dem Ierwe vu Bayern.

Hien huet sech säi Liewe laang als e franséische Fürst gefillt, dee sech laang mat senge Bridder, besonnesch mam Louis vun Orléans, ëm d'Muecht um franséische Kinnekshaff an den Hoer louch.

Seng Kanner a Kandskanner hunn an de Joerzéngten duerno d'Bourgogne zu engem praktesch eegestännege Staat tëscht Frankräich an Däitschland opgebaut.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Vun eelef Kanner, déi de Philippe mat der Margarete hat, hunn der siwen et bis an den Erwueesenenealter gepackt:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard Vaughan, Philip the Bold. The Formation of the Burgundian State; London (Longmans), 1962.
  • Joseph Calmette, Les grands ducs de Bourgogne; Paräis (Albin Michel), 1949 (méimols nei opgeluecht).
  • Élodie Lecuppre-Desjardin, Le royaume inachevé des ducs de Bourgogne (XIVe-XVe siècles); Paräis (Belin), 2016. ISBN 2-7011-9666-4978 - Am Kapitel IV gëtt d'Schenkung (net "Apanage"!) genee dokumentéiert.
  • Bart Van Loo, Burgund - Das verschwundene Reich. Eine Geschichte von 1111 Jahren und einem Tag; München (C. H. Beck Verlag), 2020; aus dem Hollänneschen iwwersat; 656 S. (ill., Bibliogr.); ISBN 978-3-406-74927-8.
  1. Élodie Lecuppre-Desjardin, an der Literatur