Pierre Schiltz (Ingenieur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur-Chimiste Pierre Schiltz. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Schiltz.
Pierre Schiltz
Gebuer 7. Abrëll 1890
Lonkech
Gestuerwen 28. September 1954
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist

De Pierre Schiltz, gebuer de 7. Abrëll 1890 zu Lonkech a gestuerwen den 28. September 1954 zu Déifferdeng[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur-chimiste a Wëssenschaftler[2].

De Pierre Schiltz huet als Ingenieur-chimiste bei der Hadir geschafft. Hien huet och Coursen an der “Léierbud” vun der Schmelz (École professionelle de Differdange) ginn[2].

Hie gouf 1920 Member vun der SNL; vun 1925 bis 1929 war hien de President vun der geologescher Sektioun vum Veräin. Am Joer 1923 ass hie membre correspondant vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal ginn[2].

Am Bulletin vun der SNL huet hien eng ganz Rei vu geologeschen Artikelen a Rapporte vun Excursioune publizéiert. Säi leschten Artikel ass 1953 an den Archives vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal erauskomm. Seng Artikelen hu sech virun allem mam Dogger an der Minett befaasst. Hien ass och bekannt fir seng Artikelen iwwer de Boufferdanger Muer[3].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques 22 (1954), S. 256 (Décès); do steet als Doudesdag den 28. September 1954 (dësen Datum ass an engem Mail vum Biergeramt vun der Stad Déifferdeng vum 17. Mee 2016 confirméiert ginn. Bei Heuertz 1955 steet iertëmlecherweis: 23. September, en Drockfeeler dee bei Massard 1969: S. 169, iwwerholl ginn ass.
  2. 2,0 2,1 2,2 Heuertz 1955, Massard 1990, S. 169.
  3. Eng Lëscht vu senge Publikatioune fënnt een am Noruf, deen de Marcel Heuertz publizéiert huet; weider Detailer si bei J.A. Massard & G. Geimer: Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 91 (1990), ze fannen (Nr. 198-200, 549, 666-668, 878-894, 1167, 2592, 2595, 2641).