Pippin de Jéngeren

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pippin de Jéngeren (Fantasiebild aus dem Joer 1837 vum Louis-Félix Amiel (1802–1864).

Pippin de Jéngeren, Pippin III., lat. Pippinus Minor, frans. Pépin III, Pépin le Bref, deemno och "de Kuerze" genannt, gebuer 714; gestuerwen 24. September 768, war e fränkeschen Hausmeier, méi spéit Kinnek vun de Franken (751-768). Hie war de Jong vum Karl Martell a Papp vum Karel de Groussen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pippin gouf 714 als zweete Jong vum Karl Martell zu Jupille gebuer a gouf am Klouschter vu Saint-Denis opgezillt.

Kuerz viru sengem Doud 741 huet de Karl Martell säi Räich tëscht senge Jongen aus engem éischte Bestietnes, dem Karlmann an dem Pippin, opgedeelt. De Karlmann krut Austrien, Alemannien an Thüringen, de Pippin Neustrien, d'Bourgogne an d'Provence. Hiren Hallefbrudder, de Grifo war net frou doriwwer, iwwergaange gewiescht ze ginn an huet en Opstand gemaach; e gouf doropshin an e Kloouschter gespaart. Et schéngt, datt hir Muecht net stabil genuch gewiescht wier, well 743 hunn de Karlmann an de Pippin op en neis e merowengesche Kinnek, de Childerich III., agesat, fir datt hiert Amt als Hausmeier eng kinneklech Legitimatioun hätt. 747 huet de Karlmann seng Länner dem Pippin ginn (op fräiwëlleg oder "fräiwëlleg gezwongen", ass net kloer) an huet sech an d'Kléischter Monte Soracte a Monte Cassino zréckgezunn. Nees eng Kéier huet de Grifo ramouert.

De Pippin war drop aus, nom Titel vum Hausmeier och dee vum Kinnek ze kréien. De facto haten d'karolingesch Hausmeiere jo schonn d'Muecht am Räich. D' merowengesch Kinneke ware just nach dem Numm no Herrscher.

Hien huet de Poopst op seng Säit kënnen zéien, a sou huet hie sech am November 751 duech eng Assemblée vun de Franken zu Soissons, zum Kinnek (Rex Francorum) deklaréieren. De Childerich III. a säi Jong Theoderich goufen an d'Klouschter Prüm gesschéckt, woumat dann och d'Merowingerherrschaft um Enn war. Vun elo u waren d'Karolinger am Frankeräich un der Muecht.

Wéi 754 de Poopst Etienne II. a Frankräiich war, fir virun de Langobarden a Sécherheet ze sinn, huet en den 28. Juli 754 de Pippin, mat senge Jonge Karlmann a Karl an der Basilika Saint-Denis gekréint.

753 a 757 huet de Pippin géint d'Sachsen an d'Sarazenen Krich gefouert. 760-768 ass en e puer mol géint de Waifar vun der Aquitaine an d'Feld gezunn. 757 huet en den Herzog Tassilo III. vu Baiern dozou gezwonge kritt, de Vasalleneed op hien ofzeleeën.

Viru sengem Doud huet de Pippin d'Räich tëscht sengen zwee Jonge Karel (747-814), spéider de Grousse genannt, a Karlmann I. (751-771) opgedeelt. Hien ass de 24. September 768 zu Paräis gestuerwen a gouf an der Basilika vu Saint-Denis begruewen.

Vu senger Fra Bertrada der Jéngerer hat en ausser dem Karl an dem Karlmann nach véier weider Kanner:

Quellen[änneren | Quelltext änneren]


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erich Caspar: Pippin und die römische Kirche. Kritische Untersuchungen zum fränkisch-päpstlichen Bunde im 8. Jahrhundert. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 1973, ISBN 3-534-05699-X (Repr. d. Ausg. Berlin 1914).
  • Heinrich Hahn: Jahrbücher des fränkischen Reichs. 741-752. Duncker & Humblot, Berlin 1975, ISBN 3-428-03365-5 (Repr. d. Ausg. Leipz. 1863).
  • Ludwig Oelsner: Jahrbücher des fränkischen Reichs unter König Pippin. Duncker & Humblot, Berlin 1871.
  • Walter Mohr: Fränkische Kirche und Papsttum zwischen Karlmann und Pippin. Gesellschaft für bildendes Schrifttum, Saarbrücken 1966.
  • Reinhold Rau: Quellen zur karolingischen Reichsgeschichte = Fontes ad historiam regni Francorum aevi Karolini illustrandam. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 1987, ISBN 3-534-06963-3.
  • Rudolf Schieffer: Die Karolinger. Kohlhammer, Stuttgart u.a. 2006, ISBN 3-17-019099-7.
  • Bernhard Schneider: Das Frankenreich, 4. überarbeitete und erneuerte Aufl., München 2001.
  • Hans K. Schulze: Das Reich und die Deutschen. Vom Reich der Franken zum Land der Deutschen: Merowinger und Karolinger, Berlin 1987.
Commons: Pepin le Bref – Biller, Videoen oder Audiodateien