Podcast

Vu Wikipedia

Als Podcast bezeechent een eng Audiodatei, déi am Internet mat Hëllef vun engem Weblog an engem RSS-Feed, verëffentlecht gëtt. Vereinfachent kéint ee vun enger Zort "Download-Radio" schwätzen. Obwuel Videodateien heiansdo ënner dëse Begrëff falen, bezeechent een déi och dacks als Vidcast oder Videocast.

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

D'Podcasten hunn hiren Urspronk an enger Iwwerleeung vum Dave Winer, deen RSS entwéckelt huet. D'Wuert selwer ass eng Zesummesetzung aus dem englesche Wuert to broadcast (wat "senden" heescht) an dem Numm vum MP3 Player vun Apple, den Apple iPod.

De Phenome gouf populär duerch den Adam Curry a säi Podcast Daily Source Code, deen en zanter dem September 2004 verëffentlecht. Den Adam Curry huet och deen éischte Podcast Client (och nach: Podcatcher) entwéckelt.

De Prinzip[änneren | Quelltext änneren]

All Internet Benotzer ka mat Hëllef vun engem Podcatcher e Podcast abonéieren. An dësem Programm brauch een nëmmen d'Adress vum RSS Feed anzeginn an de Programm iwwerhëlt dann déi ganz Aarbecht a luet automatesch all nei Episod vun deem Podcast erof. Soubal een MP3 Player, wéi den iPod, un de Computer ugeschloss gëtt, ginn dës nei Episoden op deen eriwwergelueden. Zanter der Versioun 4.9 huet een am Audioplayer iTunes vun Apple och d'Méiglechkeet, deen als Podcatcher ze benotzen, an ausserdeem proposéiert Apple zanterhier och eng Podcast Directory als Deel vun hirem iTunes Music Store, wou jiddweree säi Podcast ka fräi androen, virausgesat en huet een Account am Music Store. Podcatcher Alternativen zum iTunes sinn iPodder oder iPodder X. Meeschtens ginn d'Audiodateien awer och op der Internetsäit vum Podcast Produzent verëffentlecht, soudatt ee se och ka manuell eroflueden a lauschteren ouni ee Podcatcher ze hunn.

Beschränkt sech d'Verëffentlechung vun der Audiodatei op de Link an engem Weblog ouni een RSS Feed, da schwätzt ee vun engem Audioblog.

Format[änneren | Quelltext änneren]

Podcasts ginn normalerweis am wäit verbreeten MP3 Format verëffentlecht. Verschiddener proposéieren hire Podcast awer och am AAC (MP4 Audio) Format, dat zumools duerch déi ëmmer méi grouss Popularitéit vum iTunes ëmmer méi verbreet gëtt.

Podcast zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Géigesaz zu verschiddenen anere Länner wéi USA, England oder Däitschland ass de Phenomeen zu Lëtzebuerg nach net wäit verbreet.

Bis elo gëtt et der nëmmen aacht:

- Bouneschlupp, deen éischte Podcast op Lëtzebuergesch an och den éischten, den de Sprong vum Internet op de Radio gepackt huet. Säit der Folleg #31 leeft Bouneschlupp an der Sendung Crumble um Radio ARA.
- GuG (Gedanken und Geschichten aus Luxemburg), deen éischte Podcast aus Lëtzebuerg, allerdéngs op Däitsch an zanter September 2005 inaktiv.
- Check daat!, een weideren Podcast op Lëtzebuergesch (zanter Oktober 2006 aktiv)
- Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg, den éischte lëtzebuergesche Podcast dee parallel um Radio an um Internet ze héieren ass. Zanter November 2006 leeft A&S an der Sendung Crumble um Radio ARA.
- Gedibbers, en neie Podcast op Lëtzebuergesch mat 4 Spriecher (Mike, Patrick, Thierry a Joël)
- localradio.lu Life On Campus Athénée Lëtzebuerg (Podcast aus dem Kolléisch zanter September 2009 aktiv)
- Lët'z Hack! ass de Podcast vum Hackerspace syn2cat, deen all zweete Samschdeg och um Radio ARA leeft.
- The Speakeasy ass e Philo-Podcast op Lëtzebuergesch, deen sech mat enger Prise Ironie ëm Froen aus Alldag, Politik oder soss nach Interessantem beschäftegt.

Intressantes[änneren | Quelltext änneren]

Mëttlerweil ass Podcasting net nëmme méi op privat Leit beschränkt, mä et gëtt der an der Tëschenzäit och vu Fernseesendere wéi ABC oder FOX, déi zum Beispill d'Noriichten als Podcast verëffentlechen.

Och Podcaste mat eroteschem Inhalt hunn net laang op sech waarde gelooss, a sou gëtt et zanter Mëtt vum Joer 2005 och sougenannt Porncasten, woufir Apple an der Tëschenzäit och eng Kannersécherung mat dem Hiwäis "Explicit" an der iTunes Podcast Directory agefouert huet.

Och zanter Mëtt 2005 huet d'Podcast Zeen dann och eng Hymn mam Titel On A Podcast vu Cruisebox, déi een zum Beispill beim Projet Podsafe Music Network vum Adam Curry ka lauschteren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]