Podolsk
| Podolsk Подольск |
|
|---|---|
|
55° 26′ N, 37° 33′ O55.42972222222237.544444444444160Koordinaten: 55° 25′ 47″ N, 37° 32′ 40″ O |
|
| Land: | |
| Federatiounskrees: | Zentralrussland |
| Oblast: | Moskau |
| Fläch: | 38 km² |
| Awunner: | 187.961 (14. Okt. 2010) |
| Bevëlkerungsdicht: | 4.946 Aw./km² |
| Héicht: | 160 m |
| Zäitzon: | UTC+4 |
| Autoskennzeechen: | 50, 90, 150 |
| Buergermeeschter: | Nikolai Pestow |
Podolsk (Подольск) ass eng russesch Stad an der Oblast Moskau, ronn 40 km südlich vu Moskau. Si ass Verwaltungszentrum vum Rajon Podolsk an huet eng 180.000 Awunner (Stand 2010).
Duerch d'Stad fléisst d'Pachra, e rietsen Niewefloss vun der Moskwa.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Aus der zënter 1627 bekannter Klouschtersiidlung Podol (Подол) gouf mat der Attributioun vum Stadrecht 1781 Podolsk. Mam Bau vun der Eisebunnsstreck vu Moskau no Süde Richtung Kursk a weider op d'Krim huet d'Stad e grousse Schotz no vir gemaach. D'Industrialiséierung huet Enn vum 19. Joerhonnert ugefaangen. An der kommunistescher Ära ass Podolsk zu engem bedeitenden Industriezentrum mat Maschinnebau- an Zementfabrécke gewuess. Donieft hunn e puer Bildungsinstitutiounen do hire Sëtz.
Zum Kuckeswäerte gehéiert déi 1825 gebauten Dräifaltegkeetskathedral.
Zu Podolsk gëtt eng Rëmopbereedungsanlag fir ofgebrannte Kärbrennstoffelementer bedriwwen. D'Stad ass och Sëtz vum Kärreakter-Konstruktiounsbüro OKB Gidropress.
Bevëlkerungsentwécklung [änneren]
Am Joer 2007 goufen zu Podolsk 1972 Kanner gebuer, dovu waren der 1.040 Meedercher an 932 Jongen. Déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung an der Stad louch bei 67 Joer. Frae goufen an der Moyenne 73 a Männer 61 Joer al.
|
|
|
Bekannte Podolsker [änneren]
- Sergei Alexandrowitsch Makarow (* 1973), Speerwerfer
- Denis Andrejewitsch Tolpeko (* 1975), Äishockeyspiller
Um Spaweck [änneren]