Ponte Sant'Angelo (Roum)

Vu Wikipedia
D'Engelsbréck mat der Engelsbuerg

D'Engelsbréck (it.: Ponte Sant'Angelo, lat.:: Pons Aelius) ass eng Bréck zu Roum, déi iwwer den Tiber geet. Si gouf ursprénglech am Joer 134 ënner dem réimesche Keeser Hadrian gebaut.

Den Numm "Engelsbréck" kënnt dohier, well se bei d'Engelsbuerg (Castel Sant'Angelo) féiert. Wéinst dem Numm goufen ëm 1670 zéng Engelstatuen am Barockstil drop opgeriicht, déi vum Gian Lorenzo Bernini a senge Schüler geschaf goufen. Se symboliséieren d'Passioun vu Christus. Bei der Entrée vun der Bréck stinn och nach zwou Statue vun den Apostele Paulus a Péitrus aus der Mëtt vum 16. Joerhonnert.

Dräi vun den 10 Engelsstatuen:

D'Bréck war laang Zäit eng vun den dräi Haaptbrécke vu Roum. Bis an d'19. Joerhonnert war se déi Plaz, wou déi, déi higeriicht gi waren, oder just hir Käpp, ausgestallt goufen.

Et ass eng Boubréck mat am Ufank dräi Béi, bei déi am 17. Jh. zwéi klenger derbäi koumen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans Gerhard Evers: Die Engelsbrücke in Rom von Giovanni Lorenzo Bernini. In: Kunstbrief Nr. 53, Gebr. Mann, Berlin 1948, 32 S., 16 Abb. / Nachdruck in "Schriften", Technische Hochschule Darmstadt, 1975.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ponte Sant'Angelo (Rome) – Biller, Videoen oder Audiodateien