Postgebai Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gebai vun der Escher Post. Fir d'Zeitung Escher Post, kuckt wgl. Escher Post.
Hôtel des Postes Esch-Uelzecht
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht
Adress Eck rue Xavier Brasseur/
rue Zénon Bernard
Koordinaten 05° 58’ 48.8’’ E 49° 29’ 34.1’’ N
Architekt(en) Paul Flesch,
Nicolas Schmit-Noesen.
Datum vum Bau 1930

D'Postgebai zu Esch-Uelzecht ass e Gebai, dat 1930 fir d'Lëtzebuerger Post um Eck vun der haiteger Zénon-Bernard- an der Xavier-Brasseur-Strooss gebaut gouf.

Architekte waren de Paul Flesch an den Nicolas Schmit-Noesen.

Et huet e markanten Ecktuerm, wou och d'Haaptentrée ass, op deem uewen an der Sandsteenfassad den Escher Wopen ze gesinn ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virun 1930 war d'Escher Post an der Uelzechtstrooss, tëscht dem Kino Métropole an dem Scholesch Eck. Dëst Gebai, dat dono als Geschäftsgebai benotzt gouf, ass 2011 verbrannt, an dat wat Rescht war, gouf 2018 ofgerappt.[1]

An den ieweschte Stäck vum Gebai goufen 2009-2010 Studentewunnengen amenagéiert.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hôtel des Postes (Esch-sur-Alzette) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Scholesch Eck: Abriss hat begonnen." wort.lu, 19.04.2018.
  2. "Die Post als Studentenherberge." Den Escher 17, 2010, S.25.