Quadratus vun Athen

Vu Wikipedia
Quadratus vun Athen
Gebuer 1. Joerhonnert jul.
Anatolien
Gestuerwen 120er
Athen
Aktivitéit Priister, Schrëftsteller

De Quadratus, och Kodratus genannt, war Bëschof vun Athen an Apologet, also e Verdeedeger vum fréie Chrëschtentum. Säi Gebuertsjoer ass net bekannt, gestuerwen ass en ongeféier 130 no Christus.  

Wierken[änneren | Quelltext änneren]

Als ee vun de siwwenzeg Jünger huet en onermiddlech dem Härgott säi Wuert gepriedegt, haaptsächlech zu Magnesia an Zentralgriichenland an zu Athen. Sou huet hie vill Leit zum Chrëschtentum bekéiert, trotz de massive Chrëschteverfollegungen, déi de Leit Angscht gemaach an d'Kierch ausernee gedriwwen hun.   D'Bëschofsamt zu Athen huet e vum Hellege Publius, deen de Märtyrerdout gestuerwe war, iwwerholl. De Quadratus selwer soll eng Stengegung iwwerlieft hunn, mä hien ass ëm 130 no Christus am Prisong gestuerwen.   No Iwwerliwwerunge vum Historiker Eusebius vu Caesarea wier hien de Schüler vun den Apostelen, virun allem dem Paulus vun Tarsus an dem Johannes gewiescht, an hätt och Leit perséinlech kannt, déi vum Jesus geheelt oder vum Doud operwächt gi wieren.   De Quadratus ass zu Magnesia begruewen.  

Aarbecht als Apologet[änneren | Quelltext änneren]

Säi gréisste Merite war ee Schreiwes fir d'Verdeedegen an d'Rechtfertege vum Chrëschtentum. Dora bezeit hien ënner anerem, datt hie verschiddene Persoune begéint wier, déi de Jesus entweeder geheelt oder zum Liewen erwächt hätt. Dat mécht hien am Fong zum éischten Apologet.

Dëst Schrëftstéck huet en dem Keeser Hadrian, deen eng Kéier zu Athen op Besuch war, iwwerreecht. Den Eusebius zitéiert ee Passage aus dësem Wierk, mä d'Schrëft selwer schéngt net erhalen ze sinn. Haut menge verschidde Chercheuren, de sougenannten “Diognetbréif”, eng fréichrëschtlech apologetesch Schrëft vun onbekanntem Auteur, an déi bis haut och net richteg konnt datéiert ginn, wier dem Quadratus säi Schreiwes. Do wier awer dann deen eenzegen erhalenen, duerch dem Eusebius säin Zitat bekannte Passage, net dran.

Gedenkdag[änneren | Quelltext änneren]

Dem Quadratus säi Gedenkdag ass de 26. Mee fir d'kathoulesch Kierch, an den 22. September fir d'orthodox Kierch.