Radio Gutt Laun
Ausgesinn
De Radio Gutt Laun, kuerz RGL, ass e lokale Radiossender zu Lëtzebuerg, deen zanter 1984 (deemools a bis 1992 nach als "Radio Stereo ERE 2000") vun Esch-Uelzecht aus sent (Antenn Gaalgebierg).
Uganks gouf en op der UKW-Frequenz 106,00 MHz ausgestraalt. Zanter dem 1. Juli 2015 kritt een de Programm op senger neier Frequenz 96,60 MHz. E kann och am Escher Kabel op 103.5, iwwer d'Tëlee vun der Post, an als Livestream iwwer den Internet empfaange ginn.