Rafael del Riego

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dem Rafael del Riego säi Wopen u sengem Heemechtshaus zu Tuña

De Rafael del Riego y Nuñez, gebuer den 9. Abrëll 1784 oder de 24. November 1785 (jee no Quell) a gestuerwen de 7. November 1823 war e spuenesche Generol a liberale Politiker.

Gebuer zu Santa María de Tuñas an Asturien schléisst den del Riego 1807 d'Universitéit zu Toledo of. Hie plënnert op Madrid wou hien an d'Arméi geet. 1808 gouf hien am Spuenesche Krich vun de Fransouse gefaangen, an an den El Escorial agespaart, wou hien awer fortlafe konnt.

Hien hëlt un der Schluecht vun Espinosa de los Monteros deel, wou hien alt erëm gefaange gëtt, mä gëtt awer nees fräigelooss. Hie reest duerch England an d'däitsch Staaten a geet eréischt 1814 nees a Spuenien zréck wou hie Lieutnant-Colonel an der Arméi gëtt.

Während den 10 absolutistesche Jore schléisst hie sech de Fräimaurer a Liberale bei enger Verschwörung géint de Ferdinand VII. un. 1819 schéckt de Kinnek zéng Bataillounen a Südamerika fir d'Opstänn néierzeschloen, an den del Riego ass un der Spëtzt vum Asturesche Batailloun. Mä nodeem hien zu Cádiz ukënnt, start hien den 20. Januar 1820 eng Meuterei a verlaangt datt d'Konstitutioun vun 1812 nees agefouert gëtt. Dëse Konflikt geet als Spuenesche Biergerkrich an d'Geschicht an. Dem del Riego seng Truppe marschéieren duerch Andalusien an der Hoffnung en anti-royalisteschen Opstand erauszefuederen, mä d'Bevëlkerung zitt net mat. En Opstand a Galicien huet do méi Erfolleg, an am Mäerz 1820 ass de Kinnek gezwongen, d'Fuederungen z'akzeptéieren.

Den del Riego gëtt zum Feldmarschall ernannt a Kapitän-Generol vu Galicien. Den 8. Januar 1821 ënnersteet him Aragon an hien zitt weider op Saragossa. Am Juni bestit hie sech mat der Maria Teresa del Riego y Bustillos. De 4. September 1821 gëtt hien no engem mëssgléckte republikanesche Putsch beschëllegt, Republikaner ze sinn, an agespaart. Well hien awer sou beléift ass, gëtt hien no Demonstratiounen erëm fräigelooss an 1822 an d'Cortes Generales gewielt.

Am Dezember 1822 um Kongress vu Verona gouf beschloss datt e republikanescht Spuenien eng Gefor fir Europa duerstelle géif, a Frankräich soll nees eng absolut Monarchie aféieren. De 7. Abrëll 1823 marschéieren d'Fransousen a Spuenien an. Den del Riego leet d'drëtt Arméi an ufanks schéngt och alles gutt ze lafen. Mä hie gëtt bedrunn an de 15. September festgeholl. Hie gëtt de 7. November 1823 higeriicht.

D'Himno de Riego gouf zu sengen Éieren geschriwwen.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • M. del Riego, Memoirs of the life of Riego and his family, London 1824.
  • Nard und Piral, Vida militar e politica de Riego, Madrid 1844.