Rauf Denktaş

Vu Wikipedia
Rauf Denktaş
Gebuer 27. Januar 1924
British Cyprus
Gestuerwen 13. Januar 2012
Nationalitéit Zypern, Tierkesch Republik Nordzypern
Aktivitéit Politiker, Affekot

De Rauf Denktaş (deelweis transskribéiert als Denktasch oder Denktash), gebuer de 27. Januar 1924 zu Paphos a gestuerwen den 13. Januar 2012 zu Lefkoşa, war en tierkesch-zypriotesche Politiker. Hie war 1975 de Grënner vun der Nationaler Eenheetspartei (UBP) a war vun 1983 bis 2005 President vun der Tierkescher Republik Nordzypern, déi ausser vun der Tierkei vu kengem Land unerkannt gëtt.

International gouf hien zanter 1973 als Vizepresident vun Zypern unerkannt. Zypern huet nämlech als Staatschef e griichesch-zypriotesche President, dee vun der griichescher Bevëlkerung vun Zypern gewielt gëtt, an en tierkesch-zypriotesche Vizepresident, dee vun der tierkesch-zyptiotescher Bevëlkerung gewielt gëtt, wat awer zanter 1974 net méi de Fall war.

De 15. November 1983 huet de Rauf Denktaş déi tierkesch Zon am Norde vun der Insel eesäiteg als souverän an onofhängeg erkläert. Zanterhier huet hie sech 'President vun der tierkescher Republik vun Nordzypern' genannt.

Am Abrëll 2005 gouf et eng éischt Kéier Walen an Nordzypern. Den Denktaş gouf net erëmgewielt, säin Nofollger als President gouf de Mehmet Ali Talat, dee virdru Vizepresident vun Nordzypern war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rauf Denktaş – Biller, Videoen oder Audiodateien