Recep Tayyip Erdoğan

Vu Wikipedia
Recep Tayyip Erdoğan
Gebuer 26. Februar 1954
Nationalitéit Tierkei
Aktivitéit Staatsmann

De Recep Tayyip Erdoğan [ˈɾɛdʒɛp ˈtɑːjip ˈɛɾdɔːɑn], gebuer de 26. Februar 1954 zu Istanbul, ass en tierkesche Politiker. Hien ass zëner dem 28. August 2014 den zwielefte President vun der Republik.

Den Erdoğan war vun 1994-1998 Buergermeeschter vun Istanbul a vu Mäerz 2003 bis August 2014, iwwer dräi Legislaturperioden, Ministerpresident vun der Tierkei.

Vun 2001 bis 2014 war hien den éischte President vun der islamesch-konservativer Partei fir Gerechtegkeet an Entwécklung (AKP).