Regionalschoul Uewersauer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Regionalschoul Uewersauer ass eng gemeinsam Grondschoul fir ronn 380 Kanner (Stand: 2018/19) aus de Gemenge Bauschelt, Wanseler an der Stauséigemeng. Si steet zu Harel an ass den 21. Februar 1994 opgaangen.

D'Schoul gëtt vum interkommunale Syndicat Syndicat de communes pour la construction, l'entretien et le fonctionnement d'une école régionale avec centre sportif à Harlange verwalt.

Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Schoulkomplex, deen 1994 opgaangen ass, hat nieft Klassesäll och eng Sportshal an ee Foussballsterrain fir den FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps. Méi spéit gouf een zweet Gebai mat enger Schwämm bäigebaut. Bei der leschter Extensioun, déi 2015 fäerdeg ginn ass, goufen 12 nei Klassesäll a méi eng grouss Sportshal bäigebaut.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Extension du centre sportif et scolaire Harlange - Theisen Architectes