René Breckler

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De René Breckler, gebuer 1915 zu Schëffleng a gestuerwen 1965, war e lëtzeburgeschen Zauberkënschtler.

De René Breckler ass 1934 vum däitschen Zauberkënschtler Kalanag an d'Zauberkonscht agewise ginn. No engem éischten Optrëtt am Hotel "Alfa" 1936 ass hien an den nächste Joren iwwerall zu Lëtzebuerg an der Emgéigend opgetrueden.

1940 hat hie säi groussen Duerchbroch am "Wintergarten" zu Berlin. Ugangs der 1940er Jore war hien no Engagementer a ganz Europa ee vun de bekanntesten Ënnerhalungskënschtler vu senger Zäit. 1945 huet de René Breckler, wéinst der grousser US-amerikanescher Konkurrenz, nees missen am Tapezéierberuff schaffen.

Wéi de Variétéensembel vun der Nationallotterie gegrënnt gouf, ass hie vum Vic Molitor doran engagéiert ginn. De René Breckler ass, bis zu sengem Doud 1965, als Zauberkënschtler bei all Tirage opgetrueden.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht